Hei hun ech di eischten Keier probeiert Portraitsfotoen ze machen...
An secherlech kennen se bei der eischten Keier net perfekt sin, geif mech iwer Verbesserungsfirschlei freen, merci :)
° d'Foto ass zevill "plakativ" ...
dh d'Foto ass nët "3-dimensionell" (ët fehlt un Déiften/Strukturen/Luucht-an Schietspiller)
dh hatt ass ze no zum Hannergrond (wéi bei den Policefotoen )
° den Cadrage bréngt hei näischt "spannendes" ... vu que, dass d'Foto "plakativ" ass, dann gesäit daat Ganzt aus wéi an eng Rumm erangedréckt
° seng Pose ... hmmmm ... du wolls wahrscheinlech eng Diagonal dran bréngen (?) ... gesäit hei awer aus wéi wann säin Kapp vum Kierper "oofgebrach" wier ... déi Diagonal mëchs du direkt bei der Prise oder duerno (mee do muss du dann oppassen, dass ët nët zevill no "duerno diagonaliséiert" ausgesäit ... z.B. d'Gesetz vun der Schwerekraaft berücksichtegen)
° den Hannergrond passt villäicht bei seng blo Aan ... awer nët bei den Outfit
° d'Schärft läit hei op den Lëppsen an nët op den Aan ... an ... d'Foto schéngt mir allgemeng nët ganz scharf ze sin
euhmmmmm ... daat geet elo emol duer fir den Ufank ...
mee du hues jo och gesoot, dass ët deng 1. ass ... dann ass ët normal, dass do nach vill geübt an geprobéiert muss gin ...
ech kann dir och nët soen wéi ët machen ... :-( ... well ech kann ët selwer nët (technesch gesin) ...
ech kann dir just e bessi soen wéi ët nët machen ... (ass komesch, ech wees ...)
voilà ... verléier den Courage awer nët ... och wann ech nëmmen negativ Punkten opgezielt hun ...
Ups :( ann as do wieklech bessi vill schlecht drun :(
Sin awer frou dass de ma dei Punkten dei do schlecht sin, gesot hues, sou kann ech nexte Keier probeieren et besser ze man.
Et heescht dach, nemmen duerch probeieren kann een leieren
OK komesch as et schon dass ma kanns soen wei et net gudd as, an awa net soen kanns wei et gudd as
Mee Kritik as gudd
HUn do nach sou eng fro, wann ech Foto sou kuken, steieren dei Schieter vum Bletz nee? Kennt daat dovun dass hat sou no beim Hannergrond steet?
Ech hun nach vill Fotoen vun dem Shooting do,mee lo wees ech net ob ech mech nach trauen kann dei heihinn ze setzen Well eigentlech sin der dobei dei mir ganz gudd gefaalen, mee ech färten lo dass dei och schlecht sin :S
also ...
ech kann dir schon soen wéi ët besser wier ... mee ech kann ët selwer nët machen ... hun ët nach nie gemach ... an verstin nix vun Màquina-Anstellungen ...
elo kënnt eppes wou ech mengen, dass géing stëmmen ... (vum hei liesen ... ):
daat mam Schied an Blëtz ... soen ech jo, daat kënnt vun do, dass hatt zevill no beim HG ass ... an awer och, dass du direkt geblëtzt hues ... anstatt indirekt
nee, nee ... du solls elo guer nët faerten fir nach Fotoen ze posten ... och wann ët am Ufank schwiereg ass fir nët-positiv Remarquen ze liesen ... awer du kanns nëmmen esou léieren ...
mee bon ... ech verstin dech ... ech posten och keng ...
nee, wierklech ... schéiss der nach hei eran ... huel alles als Verbesserungsvirschléi an sëcherlech nët als perséinlech "Kritik" an "Ungrëff"
Nee also als perseinlechen Ugreff huelen ech et secher net
An der lescht interesseiert mech Fotographie wieklech immens vill...ech hun emmer su Zeiten wou ech dann nemei vill fotografeieren, an beemol rem mega Loscht hun neies ze probeieren.
Wei eben lo mat den Portraitsfotoen...Wou een och muss soen dass deen Hannergrond do, an engem Keller eng ugestrachen Mauer war, wou no riets an no lenks nemi vill Platz war fir hat vill aneschters ze stellen.
Mee ech kuken fir haut nach eng foto ropzehuelen, geif mech dann och rem iwer Kritiken vun iech freen
Ech noteieren mir puer Saachen dass ech et den nexten Keier kann besser man, wou ech och wollt froen fir een Studio ze kreien. Do sin ech gespant wei ech et do mat der Belichtung an alles hikreien Ech war nach ni an engem Studio
Den Gesiichtsandrock vum Model wiirkt Kaal. Cadrage ass gudd. Dem Lynn seng Aan kéinten méi geschärft sinn, an vir mech och en Tick an de Farwen ze kräfteg. Hannergrond ass Fuerwlech net ideal.
Jo stemmt den Ausdrock as net gudd.
Daat as och een Problem bei villen vun mengen Fotoen dass d`Aan ni scharf sin
Wei as et mat deem Ouerrank? Wann ech Foto lo sou kuken, fannen ech deen steiert bessen... Wat denks du?
Ech mengen ech gin nach net gudd genuch eenz mam Fotoapparat, well ech wees net wei ech daat man... de Focus wou mein Fotoapparat scharf stellt as emmer an der mett vum Bild... mee d`Aan sin jo eigentlech ni an der Mett...
Ech kennen deng Kamera net, mee wann de Focus an der Mëtt vun denger Kamera ass, dann zentréier vir d' éischt d' Aan vum Model an der Mëtt vun der Kamera, dreck den Ausléiser nemmen hallef erof, hal en gedreckt, esou dass Kamera de Focus gespäichert huet, an dann Cadréier däin Model esou wéis du en gären duerno wells, an dreck den Auslöser dann ganz duerch. Net zevill mat Kamera no vir oder zreck goen währendeem, soss ass de Focus nees net do wou en soll sinn