Joo di foto ass schein! Scheinen blooen Himmel, passt gudd zum Kontrast zu deer gieler Faarw vun den Strecher op der Stroos an zu den Schelder.
Ech hätt just dei zwee deck giel Strecher genee an d'Mett gesaat (hun lo net genee mam Lineal noogemoos ob et bei dir sou ass, mee mengen op den eischten Bleck erkennen ze kennen dass se liicht riets leien ) Dann giff d'Scheld mat den zwee Feiler och mei am Zentrum leien (geheiert lo wiirklech zur Perfektioun..!).
Ech sin mer just na net am kloeren op mech d'Beem am Hannergrond steiren, also ouni wier et secherlech och net gudd, mee d'steiert mech vlait dass se bessen vill oofgeschnidden sin..
wollt och nach eng man dass den potto vum scheld souzeson gnee tescht denen 2 gielen streifen as mee iergendwei gouf ech dun vu mengem papp vun der stross geruff as nämlech net grad sou dat do laang stoen ze bleiwen leider mee hun fonnt ouni beem geing iergendwei e bessen eidel ausgesin keng ahnung...
dei rieseg laang strossen dei einfach nemmen riid ausgin iergendwei herrlech an iergendwei och zimmlech lusch ;P mee egal bon ech hun am groussen ganzen amerika deck gäer