déi pastell Faarwe vun de Klapplueden gin dem Bild eng immens Rou,
bal alles passt: Geranien (de Komp lénks wäer zwar gutt ganz drop gewiescht), d,Bänk, d'Still an Dësch a virun allem de Buer mat däerer flotter Spiggelung,
wann ech eppes aussetze misst, géif ech soen: fir mech wäer och nach flott gewiescht, wann den Trach riets ënnen jhust am Schnatt géing leien, awer dat war wuel nët méi méiglech, wëlls de lénks schons zevill ewech geschnidden hues, soss wäer d'Format bosség gin,
gefällt mer wierklech gutt!
Merci fir deng ausféierlech Interprétatioun. Ech wees dat wéi emmer ze schätzen. Ech hat dat mam Trach riets ennen probéiert ... an du hues Recht dat klappt awer net richteg, dun hun ech et esou si gelooss.