ech well mer deen och onbedingt kaafen. An bass de zefridden? Fannen d Faarwen flott mee deen donkelen Deel ennen haett ech verschafft. An se ass iergendwei net ganz schaarf. Se gett trotzdem eng gudd Stemmung eriwwer an et weilt een och bessen mam Velo fetzen goen
Naja haat eng Kéier sou eng Lens.. déi as wirklech nemmen gudd wann een net vill well mat op een Staad Trip huelen oder sou... Soss wéilt ech sou eng Lens ni méi. Onscharf, wackeleg, bei 200mm F6.3, verzerrt vun 18 - 200 mm alles, an den bokeh as mega schrott. Out of Focus Sachen sin oft total diffus an brengen d'Bild fuerchtbar duercherneen.
Déi heiten Foto as bessen kleng fir dat ze gesinn.
jo wäitwenkel souwisou, mee wann et bei 50, 100, 150 an 200mm nach emmer verzitt (ab 135 get et gin d'Ecker no baussen gezunn..) dann nervt et irgendwann, wann een emmer croppen muss fir d'Bild richt ze kréien.
Déi Lensen hun een Virdeel : et brauch een net ze wiesselen. An der Vakanz um Backupboitier as dat einwandfrei. Fir kleng ze printen ging et och usech emmer nach duergoen. An dank Megapixelmania haut och nach fir A4. Mee wanns de gäeren mat onschärft/déifteschärft am Bild schaffs, dann as se net gudd. Dat onscharft as just am Makroberäich ok, soss as et diffus. Mee bon, déi Lensen kaschten jo och net d'Welt. Hues du Sigma oder Tamron kaaf? Mat Stabilizer? (Dat fannen ech op der wackeleger Lens iwer 135mm e muss)