Elo war ech awer schon oft dobannen, déi "Ätzungen" si mer allerdéngs nach nie opgefall - gëtt beim nächste Concert mol kontrolléiert.....
Ech hun deng Série mat groussem Intérêt verfollegt, och wann ech nët bei all Foto eppes geschriwwen hun. Wéieng ech déi Bescht fannen, kann ech mol guer nët esou soën.
Du hues eng flott SW-Emsetzung gewielt, waat dat Spill mat den Linnen/Schied gudd ënnersträicht.
Ech fannen bei der no 6 déi verschidden Grostufen op de Sailen besonneg apart.
Merci galileo,
dei ätzungen haat ech och nach nie gesinn, wees ett nett awer villeicht geseit een se nemmen am Daag, an du muss schon an engem bestemmtenen Wenkel zu den Plakken stoen. Dass och nett opp all Plaque.
Fier eierlech ze sinn haat ech se och nett gesinn bis zu dem Moment wou mer erausgang sinn, do sinn se mer oppgefall. Woar frou wei ech dun gesinn hunn dass een se och op 1 Foto geseit, et voilà, hei sinn se.
Also nächsten Keier an der Phila, sech dreien an keieren bis de Luut richteg hues, an dann geseis de se.