Cool. Gudd kadréiert wat den Bildopbau betrëfft. Awer d'Rumm gefällt mer net. Aus kengem besonnechen Grond, einfach Affaire de Gout. Schaff vläit nach e bëssen un den Wolléken lénks, do as den Konstrast ze staark sou dass d'Wolléken vum Schwaarzen opgefriess gin - ech weess elo net méi den techneschen Numm dofir.
also du ne...
Deng Fotoen gefaalen mer!! an iergendwei emmer sou gudd dass ech mer denken "waat soll ech da lo nach schreiwen?"...
Mat déier Rumm op en schuarzen Hannergrond, yeah... (*freen mech op den update*)
(Just dat vun de wollecken woar mer och opgefall)
Dat ass menges. Och wann dat Schwoarzt effektiv e bessi ze vill fresst dréit et awer zum Gesamtopbau bäi an ennersträicht am Fong den Titel also dat wats de mat dengem Bild wells soen. Erföll dem Spako nach weiderhin vill Wönsch.
REGARDS
MUZ
Ganz denger Meenung, daat schwarzt lenks am bild gesäit och baal aus wei d'schness vun engem monster (klengt lo blöd ech wees) mee eben dofir passt den titel sou schön