Sou Fotoen gefaalen mer emmer immens gudd
Mee eng Fro, wéi mecht een daat dann dass d'Foto bei sou enger laanger Beliichtungszeit net iwerbeliicht gett?
Probeier mol, du hues io verschidden Mods, den Tv wous du him Zeit sees, an hien gett dir eng Blend, oder am Av wous du him d'Blend gess an hien dir eng Zeit.
Majo du hells deng Nikon an dann kucks de uewen op dengem Rietchen do stin su Saachen wei Av, Tv, M, oder P . Dat sin verschidden Modusen. Mat der Programautomatik (P) kanns de nemmen su droplass knipsen, bei M (manuell) mess du io alles selwer, an bei Tv (bei Nikon ass et "S" stells du eng Zeit an deis du gären häss, wei hei d'Spako z.b 15 sek, an dann rechent dein Apparat dir eng Blend, hei wir dat f11. Bei dem Av (bei Nikon ass et mengen ech einfach A) ass et emgedreint do gess du d'Blend an, an hien rechent d'Zeit dei hien brauch fir d'Foto gutt ze kreien.
Da so eis nach um wievill Auer du deng Fotoes gemaach hues. Well mettes mat Wollecken, 100 asa, blend 11 kenn een net op 15 sec.
Deng Fotoen sin super schein. Ech hun nach emmer eng Foto vun engem Profi am Kapp, dei wor an der Bretagne bei Moundschain & Stuerm gemaach, ca 30minuten beliicht. Super schein. Deng kommen geschwenn dorop eraus...
Ech perseinlech fannen di iewegt Halschent vill mei flott, dat douce Blo ass sou berouegent, mee dann kommen ennen su vill Steng an ennen am Waasser su greng Tein
Hmm hues du se net och na am Querformat ? (ouni di ennescht Halschent)