Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schueberfouer

 
Schueberfouer
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.09.2007
  • Gekuckt:
    35713
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    782x493
  • Späicherplaz:
    184 KB
  • Originaldatum:
    08.09.2007
  • Fotoapparat:
    Nikon D70s
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Events »» Schueberfouer
2. Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=21933]
Kommentar vum Fotograf:

Kettenkarussell, Fouer 2007

D'Fouer ass zwar säit gescht riwwer, mee hei kennt dann mol nach e Bäitraach vu mir. Hu lo schon wéi oft s/w Fouer-Fotoen gesinn an well mer déi deelweis vill besser gefaalen wéi di faarweg wollt ech daat dann hei och mol ausprobéiren... wéi fann der d'Resultat? :)
Keup 13.09.2007 - 00:25
Impressionant. Gefaellt mir ganz gudd
Minaa 13.09.2007 - 00:42
Freet mech, merci! smile
sanitel 13.09.2007 - 00:26
kléng iwwerbeliischtungen, mee net am haaptmotiv, an ouni Kàtonguep vun Lait déi sonderlech stéieren, super Opnahm!

P.s.: dass kéng klunschen méi do sin, graadt sou gudd bigsmile
Minaa 13.09.2007 - 00:44
Merci! smile D'Klunschen waren op der original Foto schon net ganz gudd ze gesinn, wéi ech dun nach de Kontrast mi héich gesaat hun sin se ganz verschwonn cool
LaaChkiChelChen 13.09.2007 - 01:42
Hach eng Foto vun eisem Tripp smile

Hmm mer gefällt et zwar net dass d'Klunchen net ze gesin sin, daat steiert mech zwar irgentwei, well et sou eidel/plakeg as. Mais soss fannen ech se gudd gelongen smile
Minaa 13.09.2007 - 20:54
Jo, ouni Klunschen ass et ongewinnt closed_eye Mech selwer stéiert et lo net sou immens vill, mee 't ass wierklech bessen eidel rondrem, daat stemmt. Merci Dicker smile
galileo 13.09.2007 - 08:47
Ech hätt hei de cadrage vill méi enk gemach - wann's de een Deel vum Rondel ofschnéids, entsteet nach méi Dynamik an der Foto - hei ass de rechtsen Deel einfach nëmmen schwarz an dréit näischt zu der Foto bäi.

SW = gudd !
Minaa 13.09.2007 - 20:57
Merci smile Beim Cadrage war ech zimmlech onsecher, haat ufanks och probéiert d'Karussell méi enk ze cadréiren mee daat huet mir perséinlech net sou gudd gefall... Probéiren dann mol deng Variant smile
Charly 13.09.2007 - 11:55
Stëmmen dem Galileo zou mam cadrage, mee soss super. Eng aaner Méiglechkeet fir ze recadréieren wir riets just niewt dem Karussell ofzeschneiden fir en quadrateschen cadrage ze kréien ouni d'Karussell ze zentréieren.
Minaa 13.09.2007 - 21:00
Okay, wäert daat mol probéiren, Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 540 Gäscht online