Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

***TEST***

 
***TEST***
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.09.2007
  • Gekuckt:
    22007
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    685/1
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x458
  • Späicherplaz:
    160 KB
  • Originaldatum:
    2007:09:04 22:41:35
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Panorama  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=21707]
Kommentar vum Fotograf:
Ass just en test... wollt amfong froen, waat een do fier astllungen soll huelen etc...
Wei eng blend... (ech wees... 4 wuel net^^)
Wei kann een gucken, dat een, wann en se am bulb mecht, net iwerbeliicht...???

HUelen mer mol dest beispill... ech hunt gefill, beem sin net schaarf, wei kann eendei schaarw stellen, wann et extreem donkel ass, an een wait wesch steet?

(eischt bild mam sigma 10mm...)

En leschtegen,awa kuerzen fotostripp mam "Pelz", schuet just, dass bei mir, noo der 2ter foto batterie ausgaang ass...^^

Ech well just konstruktiv coomments...
Olivier 05.09.2007 - 20:39
P.S: Ech wäert haut namol op den plateau vun Chreschtnesch (gemeng waldbelleg) stäeren fotoe huelen. DEen zait, an loscht huet, mellt ierch ! Mee, doot ierch waarem un, wann een laang do steet, kann et nawell zimmlech kaal gin.. (eegen erfaarung) Ech hun zwee campingsstill
gloda 05.09.2007 - 21:11
Fir eng Foto am Bulb net iwwerzebeliichten:
Setz ären ISO op Maximum. Fir dem Olivier séng 350D wier dat 1600. Lo stellt d'Blend op F/8. Dat as den sougenannten 'sweet spot' bei den Meeschten Objektiver, do wou se angeblech am schärfsten sin. Wann dann elo nach d'Brennwäit bei 10mm läit misst duerch d'hyperfocal Distanz alles vun fir bis hannen schaarf gin.
Mee zur Beliichtung. Bei ISO 1600 an F/8 sicht der dann elo eng Beliichtungszäit am manuellen Modus, bei der den Histogramm schéin no riets kuckt, ouni iwwer d'Limite ze goen. Vill Kamera'en ënnerstetzen d'Unzeig vun iwwerbeliichten Beräicher, bei der 350D blénken se schwaarz-wäiss. Soe mer den Olivier hätt elo erausfonnt dass bei F/8 an ISO 1600 séng Foto 10" brauch fir dass ausser enger dënner Sträif iwwer dem Horizont näischt iwwerbeliicht as. Lo wëlle mer natierlech den ISO roofsetzen, fir dass mer net deen Schnéi am Bild kréien, deen dem Olivier hei schon bei ISO100 an den Mëtteltéin Problemer mecht. Also setzen mer den ISO mol op 800. Oh hei, d'Bild as just nach genau hallef esou hell. Majo, dann beliichten mer alt duebel esou laang, 20". Lo ISO 400...'t as schon nees nëmmen nach hallef esou hell! Oh hei, do as en System dran. Dann rechnen mer mol. ISO 1600:16= ISO 100. An 10" x 16 = 160". Den Olivier muss séng Foto am Bulb also zwou Minutten an 40 Sekonnen beliichten. (Am beschten eng Stoppauer mathuelen... déi meescht Handy'en hun dat jo och mëttlerweil.)

Wann et elo peschschwaarz as an der mat F/8 an 30" keen anstännegen Ausgangs-Histogramm kritt fir d'Rechnung, fänkt einfach mat enger méi grousser Blend un, zB wéi den Olivier F/4 an schafft ierch dann op déi mi kleng duer. 1 Stop manner an der Blend muss duerch 1 Stop méi an der Beliichtungszäit ausgeglach gin.
luxtom 05.09.2007 - 21:54
salut gloda,

merci fir dei gudd erklaerung.
waat ech noch net verstinn, ass fir d'schaerf anzestellen. Wei stellen ech daan an wann den minimum um Objektiv nemme 18 mm oder sougar nemmen 50 mm huet ?

gloda 05.09.2007 - 22:46
Wéi gesot, mat F/8 bas de bei Landschaftsfotografie schon net schlecht, méi héich brauchs de u sech nëmmen ze goen wanns de d'Beliichtungszäit wëlls verkierzen. En 50mm Objektiv géif ech allerdéngs net benotzen fir Landschaften ze fotograféieren. Wanns de mat deem Nuets eppes anescht wëlls fotograféieren, an et as ze däischter fir den Autofokus fir eppes ze erkenen, huel der eng Täschelucht mat, oder fir Saachen déi mi wäit ewech sin en Laser Pointer un deem den AF Sensor sech orientéieren kann.
luxtom 05.09.2007 - 22:57
also 50 mm woer nemmen als beispill genannt. domat geif ech souwisou net landschaft fotografeirern. Mee verstaan hun ech daat lo emmer nach net. wann ech elo mat mengem 18mm nuets fotografeieren, wei kreien ech daan d'foto vun fir bis hannen alles scharf ? an waat ass eng hyperfocal distanz ? [edit : hun ech fonnt, http://www.dofmaster.com/hyperfocal.html ]
froen iwwer froen, sinn halt och ufaenger, hun meng kamera mol noch keen hallef joer...
merci am viraus
Johny 05.09.2007 - 23:29
Do gëtt et scho méi kriddlech. Waat een mei an de Wäitwenkel geet, waat d'Déift vun der Schäerft zouhëllt. Emgedréint de Géigendeel natirlech. D.h. déi Déift op déi sech d'Schäerft verdeelt, gëtt beim Wäitwenkel mei grouss. Wann een dann nach Blend op f8 stellt z.B., waat jo och nach matt sech brengt dass et nach mei schaarf gëtt an der Déift, gëtt eben praktesch alles 100% schaarf. Zu der Blend hun ech en Tutorial geschriwwen hei, kanns jo kuerz daat liesen.

Ech geif bei Brennwäiten dei keen extremem WW méi duerstellen sws matt manuellem Fokus schaffen an bessen probéiren bis een et schaarf huet (durch Vergréisserung um Display checken no der Foto an dann nei astellen), daat geet allerdings just wirklech gutt bei Objektiven dei Distanzen matt uweisen (skala déi matt dréint wann een schaarf stellt)
Olivier 05.09.2007 - 23:34
Ma guck...
Wanns du lo z.B: eng blend 1.8 hells, an du mess egal waat fier eng foto, soen mer vun engem gesiit, an du fokusseiers opt nues, dann wäers de dono beim entresultat gesin, dat nues schaaf ass, mee d'aaen schon rem onschaaw sin. D.H: Je mei grouss deng blend ass (eng grouss blend, heescht emmer kleng zuelen), desto mei kleng ass dain schaarfheetsradius...
D'Blend 8, wei den Gloda soot, ass bei den meeschten objektiver dei schäerfsten blend. Do misst normalerweis alles vun vir bis hannen schaarw sin.
Am beschten ass et, fier secher ze sin:

Blend 8, dain fokus op manuell deens de op Onendlech mess, et voila.
Rabicop 06.09.2007 - 00:30
dozou fällt mer och nach dee folgenden knigge an fir dat een dat och secher verhällt

für fotos bei nacht, nimm blende 8. smile

fir de recht guffen uewen scho well vill mei detailléiert äntwerten gin, di wait iwwer main leien wessen rausgin. mee mat 8 hues de d'saach well hallefwegs an dreschenen dicher smile
luxtom 06.09.2007 - 09:06
merci alleguer, ech waert daat elo mol nuets ausprobeieren.
TomEwert 06.09.2007 - 09:09
bei esou motiven ..also wann den motiv ganz weit weg leit, an wann wéi gesot deng blend 8 oder 11 dir en groussen depth of field erlaabt kanns du einfach manuell op onendlech astellen ....dat misst eng gréisst méiglech hyperfokal distanz ergin
luxtom 06.09.2007 - 09:40
also wann een no daer beschreiwung op DOFMASTER geed, daan as et net richdeg, den focus op onendlech ze stellen.

wann ech daat richdeg verstaanen hun, daan ergett sech d'hyperfocal distance aus der gewielter blend an der gewielter brennwait. waan een daan op d'hyperfocal distance scharf stellt, gett et bild vun der halschend vun der hf distance bis onendlech scharf.

beispill:
wann ech mat 18 mm brennwait an mat blend 8 schaffen ergett sech un menger D80 en hf vun ca 2 meter. dei entfernung stellen ech daan an, an da kaan ech secher sin das meng foto vun 1 meter bis unendlech scharf ass.

TomEwert 06.09.2007 - 15:56
2 m bei blend 8 ????
luxtom 06.09.2007 - 16:25
ma daat kemmt op jidefalls bei dem tool eraus, 2 meter oder 6.7 feet.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 518 Gäscht online