wow!
'pour mon vilain goût' sin déi 3 folgen déi geeegenst:
24 cruising_04: wierkt op mech enorm schnell durech d'Bréckenelementer déi fléien an d'Motorad'sluucht déi voll an d'Kamera liicht
2 fast_19: d'Motorad fiert aus der Rumm, verstärkt d'Vitesse-Sensatioun
2 fast 13: alles schaarf jhust dat orange (dës Faarw wierkt méi staark) Motorad , wat super an der Säitefënster plazéiert ass, nët; de . um i ass d'Moto am Réckspiggel (zielt och fir déi aner...)
Bon, mier gefällt dei heiten an Beschtn, duerch dei greng Faarw lenks am Bild... Waat mech steiert, an daat bei zimmlech all den Foto'en, den Motorradchauffeur an den Motor sin nie richteg schaarf....
Fier den Recht, super Ideen...wow
2fast_05: ROFL. Mee di kanns de net sou huelen, soss steet schon den DQ am Haus. Also all déi wou s de d'GPS Donnéen net wëlls hun.
Cruising_01: Flott well den Vitesse Effekt gudd eraus kënnt.
Cruising_04: Flotten Bildopbau lénks, mee riets ze vill stéierend Elementer.
Cruising_15: Tiens, deen Rondpoint kennen ech dach?! Ech muss eisen Models mol nach hier Foto mailen
Cruising:16: Parfait. Super Opnahm, mee do as nach vill am Post Processing méiglech fir der Foto vill méi Impakt ze gin. Ameséier dech nach en bëssen mat den Curves.
du waers et net gléven mä den 05 as en Printout um GPS. Den Karton as wirklech um Display. Wann déi dan kloer gecropt bis bei den Rand vum Karton; awer Bild diagonal. Wat fir eng géifs du huelen?
Ma déi heiten wou s de eropgelueden hues, keng Fro. Richt no Top 10. Méi héich kënns de mengen ech net wéinst der liichter Onschärft, du weess wéi se do sin. Mee d'Faarwen hun vill Potential.
Salut Focus,
woar deng Fotoen kucken,
2fast_01 fier mech dei bescht, excellent Schoarf, excellent Vitess ugedeit, an daat Diagonalt gett der Foto eng formidabel Dynamik.
nach een scheinen Sonden,
Flash