Ofgesin dat d'Schärft just e bessen ze wäit no vir läit, ganz schéin. Mee denk drun dass een bei Makro mindestens Blend 8 braucht, besser 11-16 fir genuch Déifteschärft dran ze kréien.
Vum Opbau gefällt et mer gudd. Et kinnt een eventuell riets e bessen ofschneiden dass et manner zentréiert an den Halem aus dem Bild wir.
Also ech muss sohen fannen Foto awer beis vir eng vun sengen eischten Fotoen iwerhapt
Natierlech ginn et emmer rem mini Verbesserungen. Mee denken mer een gudden Ufank ass gemeht.
Weider seou...!
Waat dei anner Leit schreiwen ass alles richteg 1/350 ass heisch. Probeier Insekten mat 1/200 daat geet dur dann kanns du den Blend erop setzen.
Bei all Baussenfoto soll een zweschend F8 an F14 zeleihen, wann een méi heisch goen kann ass et natirleg besser.
Quadrage ass ok. Wir natirleg optimal an wann et zentréiert wir mee et kuckt een eng Foto emmer hun lenks no rechts also ass daat do ok.
Remember: Insekten sin Kaltblüter, heescht hirt Blut muss warm gin. Dofir Insekten am beschten moies ganz freih knipsen dann sin se nach net esou aktiv. Oder owes an der Dämmerung.
Ech perseinlech hun dei beschten Makro resultater mat Bletz an Stativ. Zumols bei enger 180mm Brennwait.
Merci vir d´Kommentaren, ech probeieren mech ze verbesseren, mee ech well nach emol erwähnen,dass ech nach net seou lang Fotoen man an meng Leidenschaft reischt nei dofir entdeckt hun. Dofir sin ech och dankbar vir all gudd Tips dei ech kreien...