An der Diagonal bild 'Lëns matt 180° Bildwénkel oof, jo. Hätt et schonn an der normaler Breet (hei am fong d'Héicht) 180°, dann hätt ech an den Ecker scho schwaarz ronn Flecken
Also dei einfach Sucheren dei weisen net 100%, d.h. am fong kennt herno all Säit liicht méi drop wei een gesäit. An matt engem Fisheye verännert sech haaptsächlech de Rand ganz séier wann een sech just liit beweegt, dofir ass et guer net einfach esou eng Foto hinzekréien, propper. Wei ech schonn zum Incognito soot, muss mech als eischt nach bessen drun gewinnen
Ei, wannste dech dann mol bis un dein Fisheye gewinnt hues, also richteg...ginn bestemmt richteg beis Fotoen Hmm, mat der hei Foto hueste dei Thes widderluecht, "dass d'Phila schon aus alle meiglechen Positiounen fotografeiert ginn" ass. Super Foto