flott experiment....
a wann ech mer dat esou ukucken muss ech ganz éierlech soen dass ech et am S/W méi intressant giff fannen wann méi kontraster wieren. also esou, dass een zwar nach een DRI huet, mee trotzdeem schwäerzten a liichter.. mee ebe just do wou se hinergehéieren ... dat hun ech nach ni probéiert! as elo ganz nei dee gedanken
merci ;D
Dach recht hues de, hun mer bal dei selwecht Gedanken. Hai Kanns de extrem u Kontrast beisetzen eben well d'GlasHaus esou Hell ass bleiwt dat an den Himmel gëtt bal Schwarz an d'Shieter kommen op der Stross eraus.
as bessen speziel, ech haett vielleicht nach een klengen sepia-toun dran bruecht daat mecht foto bessen mei edel. s/w teinung hues du daat mat der saturation oder mat dem kanalmixer gemach?
fläit woar dat de fehler....
kanalmix as cool. a fir dass de gesäis wat ech mat kontrast mengen.: déng foto as vu wäiten bal nemmen een eenzegen grotoun. alles déi selwecht faarf"gro" et liewt einfach net gencuh.. an dat kann een elo -eigendlech- net méi änneren. do muss ee scho vun der faarwecher foto nei ausgin ...
Den Grond firwaat ech hei wollt an S/W ëmwandelen war, dass alt erëm (wéi esou oft) eng ORANGE Stroosseluucht drangeschengt huet, wouduerch dann d'Halschend vun den Faarwen vum Motiv verschass sinn !
Ech sin am Moment amgaang verschidden Methoden auszeprobéieren fir an S/W ëmzewandelen, an ech probéieren dann elo emol den Mixer aus
Den Panneau vun Audi stéiert mech perséinlech, well deen vill méi no ass an halt esou staark beliicht ass (gin ech mol dervun aus), gedd et een aaneren Effekt am DRI wéi vum Gebai (no mengem Gout net passend). Dass deen awer do steet kann DIR keen iwel huelen an en erausrappen fir d'Fotoen kann een jo och net maan ) Ech haat deen nemlechten Probleem wou ech eng kéier een DRI gemeet hun, do hued et mir och net a menger Foto gefall.
Bildopbau an Motiv sin super (et kinnt ee soen et wir méi flott wann fir am Eck en Auto geng stoen, mee daat ass en Detail), mee wéi den Marc schons soot: Méi Kontrast.
hmmm as schons fill gesoot hai...
mir gefellt se grad well se an ENGEM 'faarw'toun gehaal as!
mengn hett se awa trossallem na besser font wann den himmel an den goudrong frun da Dier mei DAISCHTER geweescht wieren...sou sen daat zwou GANZ grous plaatzen dei derfier souergen dass dBild zimlch platt riwerkent...dGebai selwer fannen ech neemlech grad gudd sou wei et as...mol epps anescht wei dei 'gudd'schwarzwaissen mat FILL kontrast an FILL -schwarz an waiss-!;o)