Oh, wat si mir dach esou pingeleg gin, zanter der digitaler Fotografie, mat hiren onendléche Manipulatiounsméigléchkeeten. Firwat muss eng Foto dann ëmmer méi scharf si, wéi eist Aa focusséiere kann, Rolacro?
...
Eng (aal, oder och net) analog Foto huet ëmmer "défautën", wéi grain, oder speziell Farwen. Dat hängt vun der Emulsioun of, vum Iso-Wärt, vum Labo, deen entwéckelt, vum Pabeier asw, asf. An de Scanner net ze vergiëssen! Mais dat soll a priori keen Negativkredit duerstellen. Dat as nun mol eben sou, an do huet een net vill Afloss drop. Fir méch gëlt d'Absicht vum Fotograf nach ëmmer méi, wéi di soi-disant manner Qualitéit. An hei spillen de Grain an di saat farwen eng eendeiteg flott Roll. Wann ech eppes ze bemängelen hätt, da wier et di Persoun, déi laanscht d'Mier getrëpelt kënnt. Fir datt se méi Gewicht an der Kompositioun kréich, misst se fir mäi perséinléche Goût, méi grouss, a mi no sin. Awer soss fannen ech alles gudd: De Schwong vun der Pneuëspur, de Giel-Blo-Kontrast, just d'Opdeelung kéint e bësse manner "mitteg" sin, an uewen 1-2 cm manner Himmel sin.
Am Grouse Ganze gefällt mir des Foto awer ganz gudd, well se irgendwéi berouegend as, dat maachen di warm Farftéin.
Merci fir Bewärtung an deng anstänesch riwerbruchten Argumentatioun, wat leider net emmer zoutrefft.
*grins* wat dei Persoun unbetreft dei do treppelt , de wollt einfach net aus dem Bild goen.
Ech hun viel aal Foten dei wonnerschein sin dei ech och lues an lues hei well ranbrengen.