GENAIL! Styl op deen ech stin
Wir dei schreft lenks net, wir se langweileg...
Mee... noom zweeten gucken gefällt mer den himmel net su... ze grell irgentwei
Ech géing mengen : Schlëff. Wann ech den elmuzo iwwersetzen därf, an an engems gët dat da mäi Kommentar:
Déng nei Art a Weis ze fotograféieren mat Bewegungsonschärft a kontrolléierte Verwackeler plus déng Konversioun a Grotéin as eppes Flottes an dat beherrschst du scho ganz uerdentléch. Mais dat, wat's du sou fotograféiers dofir, dat brauch nach e bësse méi gedankléch Viirbereedung oder/an Originalitéit. Net datt dat dat an déngen éischte Fotoën net schon dra wier, mais on reste un peu sur sa faim, géif de Fransous elo soën. Caught in the Action as gudd, mais net ëmmer gléckt de Cadrage direkt. An dofir: Weider, Neckel, riicht drop lass. Mir sot mol eng Kéier een iwwert den Edward Steichen, datt hie mat 3 oder 4 Joer séng éischte Fotoe gemaach hätt. Säi Papp hätt deemols gesot: Sou vill schlecht Fotoën, aus dir get ni eppes! Looss et léiwer sin! Séng Mamm awer hätt gesot: Do as di eng oder aaner genial Foto drënner, dat do versprécht. Fuer roueg weider! Aus dir get nach eng Kéier ee grousse Fotograf. Wann di Geschicht da sou sollt stëmmen, dann gëlt dat selwécht fir déch. Du hues een neie Wee fonnt, géi e konsequent weider! That's it! An d'Resultat wärt net op séch waarde loossen.