@Sircharles: da so ma och wisou?
@coolpix: soll et jo och net. et geht reng nemmen em zechnungen am himmel a dass wann een et besse kuckt et ausgeseit wei gemoolt
Mier sin eis jo eenz dat daat Bild net gud as , daat as keng gud Foto sie huet keen Opbäu an keng Kompositieun !! Et geet net duer, dass d' Bild äusgeseit wei ''gemoolt''.
Mat esou Biller geet den ganzen Fotoniveau vun Fotogen enorm rof wann een Professionellen Fotograf heihinner kennt dan laacht deen sech futti , dat as elo awer net nemen weinst dier ( net perseinlesch ophuelen)
Bei der Foto muss Kompositieun stemmen an Fuarwen an den Kadrage asw... dei Foto do kann jidfereen maachen , wannsd e e bessen Kontrast dran gemaach häss dan wir se wahrscheinlesch besser gewiescht , den Numm as daat eenzegt Interressantes an der Foto !Wann een Vullen schwarm drop Wir dan waer se besser ,me net esou plaakesch! Hoffen du verstees waat ech mengen
jo versti wats de mengs
ech wees och dass dat do eng foto ass dei jidderee ka man, mee ass eben sou dass den himmel net emmer sou schein ass. . .
ok gin da recht. vun da foto selwer hier vun da technik ass nix domat unzefänken, mee ech sin eben emmer sou fuerchtbar vu farwen an sou saache faszineiert.
fazit: mir ass et eigentleg do net sou wierkleg em dFoto mee em dBild asech gang (farf, wellen etc.)
mee wat ech vum niveaux well soen:
ech fanne och vill fotoen sin einfach . . . net gudd oder einfach nemme schlecht. . . mee trotzdem as dat hei jo och keng seit wou nemme profie sin, hei sin och vill leit fir dei dat eben einfach en hobby ass, an dei och fotoe posten fir ze wesse wat se falsch man, an dat soll een villeit och wessen wann een dat hei kcukt.
majo mee merci trotzdem.
(dat mengen ech och domat. ech hun lo vleit eppes beigeleiert )
Ech mängen de sircharles huet scho villes gesoot...
Leider geet e schéinen Himmel eifach net duer!
Ech sin oft dobäussen, dat ech ma dänken: wow! waat en mega himmel... dann direkt drop kennt d'sich no enger flotta plaatz fir d'foto ze verwiirklechen, a sollt ech käng fannen...tant pis... da maan ech halt käng foto! An ass den Himmel nach sou schéin! Sou eng Foto kéint een allerhécksdens verwenden fir e montage za maan an den Himmel an eng aaner Foto anzesetzen, vu dat soss näischt drop ass waat hennert wanns de en abaus...
fannen dei komentarer irgendwei zimmlech spießeg. fannen zwar och daat vill fotoen hei sin, dei net onbedingt hei hinner geheiren. mee dei heiten gefällt mer awa trotzdem. an nemmen well jiddfereen daat machen kann, ass se jo net direkt schlecht...