Extras: dem appleric seng hellef fir ee "winzegen" detail, deen ech selwer nitt faerdeg bruecht hunn ^^
Fir anzesetzen: [pg_img=18581]
Kommentar vum Fotograf:
Meng um PC verschafften Fotoen kommen jo hei nitt iwwerall gudd un ;) - hunn d'Foto duerfir mol einfach mat der Beliichtungszeit mei abstrakt "gemeet" ;)
sinn mol op Kommentarer gespaant ^^
hmmmm! elo welll ech awer gäere wessen wats de DO gemach hues! ech hun zwar absolut näischt géint verschaffte fotoen, mee wann ee probéiert abstrakt effekter reng mat zäit, blend a beweegung hinner ze kréien da fannen ech dat super-sympatesch! ech sin also gespant
Bon, ech waer ennerwee fir raus...duerch d'Garage an ech hunn di Luucht di ennert der Garage duerchkomm ass einfach super fonnt....nujee bei deenen eischten Versich waer et nemmen ee waissen Strich op enger soss komplett schwaarzer Flaech.
Dunn hunn ech mech op de Buedem geluecht den Objektivdeckel ennert d'Objektiv geluecht an op 20 Sekonne Belichtung gestallt - irgendswann an der Mett vun der Belichtung hunn ech dunn den Objektivdeckel fortgezunn an voila, et huet engker Klick gemeet, an d'Foto waer an der Kescht
hoffen et waer ausfeierlech genuch
Hehe, lo weess ech och mol, u wat ech do geschafft hun... :-P
D'Foto gefällt mer ganz gudd, e flotten Effekt. Den Titel, do wollt ech mech jo bekannterweis net ameschen...
dei heiten gefällt mir ganz gudd, super flott muss ech soen. just waat net an d'bild passt menger meenung no ass deen eenzelnen strech uewen riets an seng nemmen liicht widerhuelung bessi mei deif. mengen daat hätt een na kennen rausretoucheiren. vum recht hier wierklech super foto!
Majo soen dir villmols Merci mat de Strecher kann ech jo mol kucken waat nach ze maachen ass...si lo keen immensen PS-Spezialist, kann awer emmer nach een anneren froen...mee daat gett alles reischt den Mette gemeet, lo sinn ech ze midd