Loost Gnood walten... Hun um Objektiv gedréint bis et gekraacht huet, mee 300 mm sin an bleiwen 300 mm ;o) Di zwee Lupessen hei sin Alaskawëllef an zu Merzëg am Wolfsgehege ennerwee...
Jo 300 mm mee motiv mecht vill aus an kann daat gudd kompenseieren... also mir gefellt se ganz gudd en immens scheinen an och leiwen moment erwescht! Perfeckt loss objektiv mol bessen mei oft krachen dann kreien mer vielleicht mei oft sou fotoen mee pass op dass et net an der mett brecht Ass et alles schon ginn!
Ech danken der Zipper, dat sin awer och dermoossen schéin Déieren, do get en ess net saat ze kucken an ze photographéieren ... an lee däin Kapp a Rouh, ech passen schon op dat gutt Stéck op ... Merci
ech kann (phototechnesch gesin) nix matt deenen "300mm" unfänken ... ??? ... daat wees du jo ...
awer zum Motiv an Resultat ... do sin ech dem zipper senger Meenung ... léiwen Moment erwëscht ... Cadrage ass och gutt gewielt ... just ... lénks ass den Lupus villäicht liicht à l'étroite hannert sengem Ouer ... nee? ... hmmmm ... wees awer nët rischtisch ... an du?
Merci fir däin opbauenden Kommentar ... ech gin der Recht mat dem enken Cadrage beim Ouer, mee ech haat do net den Choix ... wanns de den Original lo géifs gesin, dann géifs de direkt soen 'A jo, kloer' ... dat mat den 300 mm wees ech, verzeihen ech der souwisou ... mee wanns de e bessi mee schuarf nodenks, dann verstees de direkt, wat ech mengen.
Hey elmuzo...Also, mier gefällt deng FOto immens gudd, daat ass en wierklech leiwen Moment agefaang! Den Schiet ass e bessen schued, iwwert dem Kapp vun deenen 2, mais daat Motiv entschiedegt daat awer
Schön schön
Flott Motiv. Mat méi enger grousser Blend wiers de warscheinlech och d'Muster vum Drot ganz lass gin. An manner ISO häss de dann och gebraucht. 1/125 fir 300mm as en bessi just. Ausser du häs en Stabilisator drop?
Jep, gudd erkannt. Dat ass mer herno och opgefall, mee dunn haat ech keen esou gudden Moment méi (tough luck). Ech hun een Stabilisator drop ;o) THX gloda