dat hei geet och
an kommentarméisseg: fir mäin -an eigendlech zumol och fir däin- gout e bessi (ze?) däischter....
gesin awer déi krass luucht déi direkt géif ausfriessen. froe mech obs de dee moment gudd stungs
Jop, mol engkéier net ze hell, he? Luucht géif net onbedingt äusfriessen, hätt jo kennen ophellen wann ech gewollt hätt... mee wär ebe net dest hei gin :-S
ech fannen dei foto beinahe perfekt...et passt wierklech alles...dei diagonale vum kierper...den cadrage...beliichtung...nja en ganz en besselchen hätt ech et mer dann awer gewenscht...awer just een tickchen...net wierklech vill...ass eng kleng nierwensaach
dann zur positioun vum model...wann et den kapp en besselchen mei an d'luucht gehuewen hätt...en bessen mei erop gekuckt hätt sou wei wann et d'sonn wierklech voll voll geif geneißen...dann wier dei och mol perfekt
sou als eng kleng nierwensaach: wann d'model nach eng douce hingerhaut gehaat hätt dann wier wierklech alles erreecht waat fir mech als eng super foto derzou geheiert!!
nee ech hun lo just dei negativ seiten opgezielt dei ech fonnt hun...vun dohier dierfs de mat rouegem gewessen unhuelen, dass der desen shoot wierklech vollkommen gelongen ass...
waat een vun dir och net aanescht erwaart!
Diagonal gefällt ma ganz guud hei!
Luucht as ganz guud Polfilter eng guud Erfindung wann een se asetzen kann esou weis DU
Luucht mecht Model hei richteg flott
daat waat mech steirt as Gesiicht vum Jill zevill op Seit fannen ech....
alles an allem
BRAVO an weider esou!
Hun de Polfilter benotzt, fir dat d'Häut nemmi blénkt...ersetzt zimmlech gudd den Pudder (firäusgesaat d'Luucht kennt aus der richteger Richtung...)
Merci fir de Kommentar
pose, bléck an bildopbau fannen ech ganz flott, awer dei luucht gefällt mir absolut guer net. also wei d'gesiicht opgehellt ass gefällt mer schon, awer den ganzen recht... ech wees net... mir gefällt daat net. kann der o net soen wei se besser gewiercht wier... einfach komplett anecht
bildopbaumeisseg just na eng kleng saach: wanns de uewen su weineg plaatz leiss, geif ech perseinlech lenks o net vill mei plaatz loossen.
ketten ass sennlos menger meenung no, well et su daichter ass... geif vill besser rauskommen wann et mei hell wier, an schliesslech geheiert se jo zu der pose.
Waat Luucht ugeet (''komplett aanescht'')... ma anerer hun ech och, kann der se bei geleenheet jo mol weisen, fläit ass jo eng derbäi wus du géifs besser fannen.
Waat schneiden ugeet... lénks ass jo och net wiirklech vill Plaatz, a wann ech schneiden muss muss ech och ennen nach matschneiden dat se am Format bleiwt. Dovun oofgesinn croppen ech suwisou net gär, d'ass scho net vill do, da gin ech net nach ewegschneiden Fannen och net dat et hei notwendeg ass oder e groussen Ennerscheed maache geif.
Merci
Wär jo hei nach eifach, den hannergrond ass jo düsder an onschaarf a vu riets bis lénks ouni enerbriechnug... mee géif mech net ameséiren well et mech éierlech gesoot net stéiert hei, hun et gär engk kadréiert wann en se ennert de passepartout leet kéint een et zwar maachen, well do jo rem e bessen oofgeschnidden gett an da gett et fläit ze enk.
flait? dann lais de driwwer wei kenns de lo iwwerhapt op passepartout?
kleng fro: kuck eng keier meng neist foto, dei vum olli... fenns de dann do och dass et gudd uewen ass? do fannen ech nämlech och ze enk, mee ass genau souvill wei hei
mengn as schons baal alles gesoot (dProffien sen um wierk harhar)
och ech fannen se flott fum Bildopbau hier, daat diagonalt rockt! an och dei giel beliichtung gefellt mer ganz gudd (firunallem an kombinatioun mam Hauttoun an den Hoer...)
JUST: de rescht fum bild(an do as na relativ fill as ma FILL ze schummeresch...ech misst schons main TFT schons anescht astellen fier nach dei detailer drop ze hun dei ech gären hett (firun allem kontrast zwescht hoer an hannergrond)
ausserdem as den Tatoo ennen zimlech an den hannergrond gerekkelt...geiff o dofun leiwer mei erkennen/gesin.....
flotten Model huesde awa allemol...
Jop, ass schued dat ech den Tatoo net mat dropkritt hun... en ass leider suwäit ennen
Wann daat schwaarzt sou un der Grenz ass läit et och vill um Schiirm op ee nach eppes erkennt oder net... ech erkennen och méi wann ech en no fir tippen wi wann e riicht ass... muss mo kucken wi daat um pabeier räuskennt.
Merci
Ass se ze deischter oder net? ass eng geschmackssach mir gefellt daat deischtert ganz gudd! ech fannen just dass et durch hand dei hat ennert dem kenn huet bessen wierkt wei wann et en duebelen kenn hätt!
Duebelen Kenn fällt zwar mer lo direkt net su op. Mee d'Hand kéint besse mi no enne sin, da géif een de Kenn och besser gesinn an den Hals géif mi gestreckt wiirken.
Merci fir de Kommentar
D'Pose an d'Luucht gefaale mer ganz gudd (an de Model, wee braucht do nach en Mandy?). Ze däischter géif ech net soen. Ech géif villäicht esouguer nach déi hellsten Plaazen e bessen erof dréinen fir de gesamte Kontrast dem gros vum Bild unzepassen.