Kompositioun an faarwlech ass se gelongen.
Me:
- wéi den Gloda schons sot, den Kabel misst sichtbar un der Pepperoni hänken
- Däin Spill mam Schied ass super me wou ass den Schied vun der Pepperoni?
- Wéi och den Oliver sot: wat huet eng Pepproni mat engem Kabel ze din? Eng Bir oder en Apel kinnt ech jo verstoen me eng Pepperoni???
Jop, ech haat e Problem fier de Kabel ganz drop ze kreien well et schwiereg war de Kabel un der Pepperoni selwer festzemaachen... a meng PS skills sin nach net sou gudd dat ech daa hikritt haett.
Waat de Schiet vun er Pepperoni ugeet, deen ass net mat op der Foto well d'Sonn staark vun der Sait koum an d'Pepperoni relativ heisch iwwert dem Desch hung(de Kabel an d'Pepperoni hun ech net aus zwee verschiddene Biller zesummegesaat falls de daat mengs).
ech si selwer och nach net ganz zefridden mat der Foto... meng Uerspruenglech Iddi konnt ech aus verschiddenen Uersaachen net emsetzen. eigentlech wollt ech d'Foto virun schwaarzem Hannergronn maachen, d'Pepperoni aehnlech beliichten wei an menger Paprika Foto (sou dat se ausgesait wei wa se vu banne geif liichten) bursting with light
an dann eben de Stecker deen aawer net an der Steckdous haenkt derbai... do wier d'Ausoo menger meenung no mei zoutreffend, mee wei gesoot ech sin un der Technik gescheitert... ech hu keng Bletzer , a fier eng pepperoni dei un engem Nylonsfuedem haenkt roueg genuch ze haale fier mat enger laanger Belliichtungszait eng schaarf Foto ze kreien ass mir leider net gegleckt... dohier de faule "Kompromiss" hei...