Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Is it Love??

 
Is it Love??
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.04.2007
  • Gekuckt:
    31398
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x1000
  • Späicherplaz:
    235 KB
  • Originaldatum:
    21.04.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
1 Rumm

Fir anzesetzen: [pg_img=17437]
Kommentar vum Fotograf:
Majo nach een Versuch mat der Rumm, deskeier as et mei eng grouss Rumm an 2 Verschidden Persounen!!

Des Foto as aus 2 Fotoen entstaan: Hun den Jong mat enger eideler Fotorumm fotografeiert an den d'Meedchen einfach op der Mauer, duerno hun ech am PS d'Meedchen an d'Rumm gesaat.
MarcGerard 22.04.2007 - 00:23

eng klengegkeet (groussegkeet amfong) stëmmt hei net: (wann dat ee spiggel soll duerstellen) duerch de spiggel verréckelt sech 't horizontal achse vun der äerd net, egal wéis de en dréis. smile awer soss as dat eng léif iddi.
pa 22.04.2007 - 11:03
Wien seet dann, datt e Spijhel ass? Op mëch wirkt dat éischter wi e Bild.

An zur Plaatz: ass di Photo vläit um Kierchbierg gemaat gin?
Masterpii 22.04.2007 - 11:22
Nep, ongefeier 600 km vum Kierchbierg wech! Zu Liechtenstein!

@Maggele, et as eng Fotosrumm, steet jo och bei der Beschreiweung an bei den Extras. En Spigel wier bessen komplizeiert gewiercht, well hen setzt op enger 1,5 meter heiger Mauer!
Michel 22.04.2007 - 21:15
Normalerweis ass bei enger Foto, zumols bei souenger grousser Rumm e Passepartout derbäi, dowéinst wiirkt et éichter wi e spiggel a net wi eng Foto.
CANON 22.04.2007 - 11:32
Ech fanne et eng Supper Idee ...an gut gemach ..Bravo
Masterpii 22.04.2007 - 11:33
Merci!!
Minaa 22.04.2007 - 12:31
Mir gefällt d'Foto net immens gudd... D'Bild kennt fir mech trotzdem wéi e Spiggel riwwer, well d'Meedchen um Bild eben op genee der selweschter Plaatz ass wéi de Jong (selwescht Mauer, selweschten Hannergrond). Dofiir wierkt d'Bild éischter wéi e Spiggelbild an ass onlogesch, well - wéi de Maggele scho soot - di horizontal Achse vun der Erd sech och am Spiggel net verännert.
En plus gesäit d'Foto iergentwéi no bessen zevill Neat Image aus an ass net wierklech schaarf.
Masterpii 22.04.2007 - 12:37
hm... dann probeieren ech et mol op verschiddenen Plaatzen. Merci fir Kritik!

EDIT: ALlerdengs muss du oder den maggele daat ma mam Spigel erklären... iegendwei kommen ech net no mat däer Meenung...
sanitel 22.04.2007 - 12:49
ma .... kukk et esou:

du kanns den spigel dréinen wéi'sde wells, d'bild drop gedd emmer nemmen souwait reflektéiert, wéi od d'liicht waat dropfällt zur verfügung steht, oder fir et vereinfacht ze verglaichen:

eng fläsch waasser kann'sde den héigen oder de breeden wee dréinen....et kennt emmer an eng horizontal lage smile

hoffn' konnt ebssi méi liicht drann bréngesmile
Masterpii 22.04.2007 - 12:51
Ech wees och wei en Spigel funktioneiert, mee wou gesidd dir hei dran en Spigel?? Wann et en Spigel wier, misst hat jo en ganz aaneren Hannergrond hun... Dofir?? oder ech kommen guer net no mat ärem Spigelgedengels... cool
Minaa 22.04.2007 - 12:52
Majo wann et e Spiggel wier, dann wier d'Spiggelbild awer horizontal, och wann de Jong de Spiggel schief hällt! Hei ass d'Mauer eben schief (also net horizontal), 't kann also kee Spiggel sin, mee vu que daat d'Meedchen op der selweschter Plaatz ass wéi de Jong (selweschten Hannergrond, selwescht Mauer...) mengt een du häss dech bei der Veraarbeschtung geiirt.
Alphonse_M 22.04.2007 - 12:38
Lo kann ech endlech och mol soen dass eng Foto net schaarf ass, ausserdeem gesait een dass de d'Bild an der Rumm schlecht ausgeschnidden hues beim Jong senger Hand ennen. Fier mech klappt dat mam Bild net well een direkt gesait dass den PS do seng Fangeren am Spill haat. Et gesait zevill onrealistech aus.
Masterpii 22.04.2007 - 12:47
ET gin och nach aaner Plaatzen wanns de mei genau sichs, mee bon... daat war just fir den Jugendlechen am Jugentreff ze weisen waat een alles Portrait's kann maachen. Am fong war dei net fir PG geduecht. Mee du hues awer Recht!
martine425 22.04.2007 - 13:30
Composition au moins aussi géniale qu'originale. T'es champion
Masterpii 22.04.2007 - 14:02
Merci, mais je croix qu'un 10 c'est trop!!
Pelz 22.04.2007 - 15:29
Hey, flott Idee an Emsetzung!!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 440 Gäscht online