Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Drivers Wanted...

 
Drivers Wanted...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.04.2007
  • Gekuckt:
    18344
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Beliichtungszäit:
    1/320
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    900x421
  • Späicherplaz:
    229 KB
  • Originaldatum:
    2007:04:11 16:18:50
  • Fotoapparat:
    NIKON D70s
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=17153]
Kommentar vum Fotograf:
Ech senn aus der Provence rem... An ech hun allt rem em dei 900 Fotoen mattbruecht... :-) (Leider ass op baal 300 Steck Stepps drop... :-( Gett allt bessen Aarbecht...)

Majo, hat mech bessen matt der Foto hei amüseiert, well mer deen gielen Beetle zwescht den schwarzen Renaulten sou an d'Aan gestach hudd... :-)
Ass flait lo keng typesch Provence-Foto, mee et kommen der jo nach no.
the_zipper 14.04.2007 - 00:47
Flott Kontrast foto
Neckel 14.04.2007 - 11:18
Flott Idi ... allerdings ass di Giel bessen grengelzesch ?! oder ... ? Giff den Bwatle nach bessen mei knalleg giel machen ... smile
BlueRic 14.04.2007 - 11:24
Naja, des Foto gefällt mer unsech net. As zimmlech langweileg an net ganz scharf.
Alphonse_M 14.04.2007 - 13:46
Mier gefällt se gudd, éischtens hu mer do den Kontrast an zweetens kréien ech dat Gefill wéi wann dat ganzt a Miniatur wier wéinst der Onschärft vum hënneschten Auto.D'Pespektiv gefällt mer dozou och. Probéier vlait mol alles wat hannert dem Beetle ass ganz liicht verlaafend ze bluren fier nach méi den Miniatur-effekt raus ze kréien.
ApplEric 14.04.2007 - 16:58
Villmols Merci eech 4 fier d'Komments. Majo, ass scho richteg datt et lo keng Foto ass, wou een "WOW" seet. Et ass einfach nemmen eng Foto. smile Naischt extraes, gefällt mer trotzdem. Jo, also, vun der Schierft hier ass den Beetle jo awer scharf gin, an dodrems geet et jo. Den Clio hannendrun fannen ech gudd sou, matt der Onschärft. D'Wiss am hannergrond hat ech och schon matt engem Blur-Filter mei onscharf gema, mee et kinnt een do tatsächlech mei mam Blur schaffen.

Wat d'Faarw vum Beetle betrefft, dei ass am Original eben bessen mei giel-gring. (hudd der bestemmt schon op der Strooß gesin)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
3 Benotzer an 469 Gäscht online