Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

I take care of you

 
I take care of you
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.04.2007
  • Gekuckt:
    18699
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/800
  • Blend:
    f/6,3
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    411x781
  • Späicherplaz:
    260 KB
  • Originaldatum:
    05/04/07
  • Fotoapparat:
    Nikon D70s
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: DĂ©ieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=17035]
Kommentar vum Fotograf:
Des Foto ass am Kölner Zoo entstaan,
't war gudd Wieder an d'Giraffe waren mol eng Kéier dobaussen (biswell hun ech se emmer nemmen bannen konnten kucken ;)).

Am Hannergrond war ufanks en ällent gréngt Gitter, hu probéiert daat sou gudd wéi méiglech wegzeretouchéieren... hoffen et mierkt een et net all ze vill?
spako 11.04.2007 - 00:05
also ech gesin naischt vun engem Gitter.. hues du gudd gemach... ech fannen och de Moment deens du do festgehaalen hues ganz flott...just deng Rumm gefaellt mer net sou.. mee ech hun am allgemengen Rummen net gaeren closed_eye
Minaa 11.04.2007 - 00:07
Mat däer Kritik kann ech liewen, mengen daat mat der Rumm ass Affaire de Goût closed_eye Freet mech awer dass de näicht méi vum Gitter gesäis, souz relativ laang dobäi cool

Merci smile
Ochiniwa 11.04.2007 - 00:40
Jop Rumm ass afg, ech fannen se ganz flott. d'Photo ass ganz gudd gelongen, gudden Moment, schein kadreiert and schein scharf... smile

Minaa 11.04.2007 - 17:00
Merci smile
galileo 11.04.2007 - 08:11
Mir gefällt se - a keng retouche ze gesinn - gudd !
Minaa 11.04.2007 - 17:00
Freet mech, merci smile
sanitel 11.04.2007 - 10:00
Ging een naischt mierken vun engem wegretouschéiertem Gitter, wann'sde och mol naischt gesoot häss. Suguer elo kann ,ech zumindest, naischt retouschéiertes erkennen. Waatkann ech soen...d'Rumm as dach schon passend dneken ech. Sin ja éischter savannen-déieren, dann past den orage-brong toun och zum schwarze Rand.
Schéinen Moment smile !
Minaa 11.04.2007 - 17:03
Freet mech daat ee näicht méi erkennen kann, resp. daat's du näicht erkennen kanns! smile
Daat mam Orange-Brong-Toun haat ech vergiess a mäin Auteur Kommentar ze schreiwen... ufanks waren d'Faarwen relativ kaal, éischter blo-grengelzeg an vu que dass ech Giraffen awer éischter mat waarmen wéi mat kaalen Länner verbannen hun ech d'Foto bessen orange-brong getéint.

Merci smile
annemie 11.04.2007 - 11:42
Maer gefällt dei Foto do sou wi se do ass super gudd!!! Inklusive Rumm.
Vlait sinn ech blann...mee ech kann kucken an kucken an kucken an gesin NADA wou do sollt en gatter sin...hihi...well done than smile)
Minaa 11.04.2007 - 17:03
Messi Annemie smile
DeMich 11.04.2007 - 12:23
wi süüüüüüüüüüüüüüüüsssss dat do:p
huet lo misse sin=D
ech ka mech deenen aanere firu mer nemmen uschleiussen, flotte kadrage, de momet ka io nemme leiw sinsmile
MEEcool
wann ee genau kuckt miekt een dass eppes retoucheiert gouf, well sech verschidde platzen puermol remfannen lossen, mee wanns de naicht gesiot häss wär dat kengem opgefall....fällt io och lo kengem ob:p
Minaa 11.04.2007 - 17:05
Jo géing soen daat ass daat eenzegt waat op der Foto bessen drop hindeit daat eppes wegretouchéiert ass, déi Heck (oder waat och emmer) am Hannergrond ass zimmlech vill gekloont gin cool

Merci smile
elmuzo 11.04.2007 - 12:59
Exzellent Minaa... och an engem Zoo soll een net mierken dat et en Zoo ass, an den Problem hues du (zua mat vill Uarbecht, mee...) hei bravouréis geléist. Eng iwerzeegend Déierenprise.
Minaa 11.04.2007 - 17:07
Daat ass daat waat ech och denken, dofiir probéiren ech am Zoo emmer sou mann wéi méiglech Gitter, Droht an sou Saachen dropzekreien mee leider war et hei net ze vermeiden, dofiir hun ech missen mam Photoshop nohellefen closed_eye

Merci fir de Kommentar!
patty 13.04.2007 - 14:06
wei leif smile rischteg flott foto
an eng gudd gewielten Rumm!

vun mier en vote 9
Minaa 15.04.2007 - 23:29
Merci Patty smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 515 Gäscht online