Super kompositioun... Mech seiert just dass riets um ec uewen nach bloen himmel ass, an soss neierens... just waiss...
Bon, iwert rumm leisst sech straiden, mee, et geet jo emt bild
Super flott
Herrlech. E Grad Filter hätt et zwar nach bessen besser gemaach mee och sou ass d'Stëmmung schonn immens. Zemols well d'Waasser eben sou roueg ass. Besse schued ass zwar och dass durch den Himmel d'Faarwen vun de Beem mussn drënner leiden.
@Johny...waats de lo genau mam filter mengs wees ech net Deen hallefkrees ennen kent net durch den ps...deen war original do... Jo Beem keinten bessen mei kraefteg sin...mee et huet mech lo net terriebel gesteiert.
Ech schwetzen net vum Hallefkrees mee vum Himmel. E Grad Filter ass en Gradual Filter, den e Verlaaf vun hell op mei däischter huet, also den der en Deel vum Bild mei donkel mecht.
An dir domat et erméiglécht 2 Blendewerter an enger Foto ze hun, souzesoen... Dat as ee gudde Filter, wann ee wëllt eng Iwwerbeliichtung vum Himmel verhënneren, ouni datt de Virdergrond ze däischter as. Da brauchs du net deng Foto ënnerzebeliichten fir duerno mat Spitzen/Lichter oder D-Lighting ze piddelen. "Fréier", wi ech nach nëmmen d'Canon A1 hat, hat ech ee Filteradapter vu Cokin op méngem 50mm a méngem 70 - 200mm, an do hun ech dack esou Verlaaffiltere benotzt, gro a blo, domat konns du dann och de Wäissofgläich beaflossen. Nodeel bei deem ganzen... Vignettage an manuell d'Beliichtung ausriichte, well wanns de 3D-Matrix-Miëssung unhues, da riskéiers du awer eng fatzech Iwwerbeliichtung am net gefilterten Deel.
Ech gesinn, mäi Wonsch, deen ech dir mat op de Wee gin hat, as an Erfëllung gaang, an d'Sonn as sech weise komm. Do hues du eng ganz appart Vue agefaang, mir gefällt dat do extra gudd. Den Dräieck hei fir fënnt ee Pendant hannen, an dat fannen ech ganz gudd beobacht. Dann de Verlaaf vun däischter ënne bis ganz hell uewen aus dem Bild eraus stéiert net dermoossen, datt et elo schlecht wier. Am Contraire, et verstärkt nach d'Wirkung vum Bléckfängkert, dee schéi scharf an d'Foto erasteet.
Nach een Tipp: Kipp di Foto mol em 90° géint d'Zären, da hênnt an der Spigelung, do wou dee groussen Dräieck fir séng Äntwert fënnt ee Gesiicht zum Virschäin.