ech hun se direkt am Thumb visuell ganz flott fonnt ... Hierscht- an Waasserfaarwen ... daat passt ganz gutt beieneen ...
d'Idee fannen ech och ganz gutt ...
däin Choix fir d'Schärft nët hei vir ze sëtzen ass sëcher een gudden Choix ... fir meng Aan ass ët just bessi zevill "irritéiernd" ... ech mengen ech géing nët méi gutt gesin ... ass awer just meng eegen Vue ...
en gros ... an méi kuerz ... se gefällt mir ganz gutt
eng extreme flott foto muss ech soen =D ass nemmen schued dat d deiftenschärft en gudden drettel vum eneschten deel anhellt. ech hätt se nach en besselchen mei roofgesaat doduech dats de d rumm nemmen uewen an ennen gesaat hues, wierkt d foto relativ onendlesch wat hei extreme gudd bei deng kompositioun passt =D
wei gesoot, zimmlesch flott =D
wann ech mer di do foto lo firstellen wi se an engem restaurant op 1x2m un der wand hängt gefällt se jidferengem! mee sou op 900x600 px. do feelt dann awer bessi deiftenschäerft. ech proposeieren der na emol dohin zrekc ze goen, an d'blend mei kleng an op di 1. boun ze fokusseieren, dat misst dann mol dozou feieren dat weinstens den fiischten deel schaarf as, an de recht schein onschaarf bleiwt.
scheine kader hei. oder du mess de verlaaf flait sou dat den vir an hannergrond onschaarf bleiwen wi bis lo an dann awer THE MUST!!! dat di bounen a stäng do ordentlech schaarf sin.