Hei dann och meng Themenfoto.
Ech haat den Titel bessi schlecht gewielt: "Twins?"
Ech wollt domadder weisen wei verschidden dei lenks an dei riets haltschenten vun engem selwechten Gesiicht sin. Ech hun also ENG Foto gemach vun mer selwer, genau an der mett gespléckt an 2x eenzel gespiggelt, sou dass eng Keier en Gesiicht entsteet aus 2x der lenkser Haltschend an eng Kéier aus 2x der rietser Haltschend vun mengem Gesiicht.
D'Gesiicht ass genau an der mett gespléckt, dh meng eng Sait vum Gesiicht ass effektiv e wéineg mei breed wei dei aaner. Den Ennerscheed gesait mei grouss aus, well deen abstand jo ob all Sait ewechfällt.
Klengen Opruff:
Jidfereen, deen esou Saachen gären mecht, ass gebierden eng Charakterbeschreiwung ze maan vun denen 2 Gesiichter. Also su eng Art Verglaich. :)
Original (Themenfoto)