Olivier dann wees ech net wei dein schierm kalibreiert as. Ech gesin dei faalen nemmen wann ech den Laptop schierm ganz flaach leen....
Zur Foto. Stemmen dem Maggle zou. D'pose as lo fleit bessen extra, vum recht hier as et awer eng normal an zimlech einfach studioopnahm. hun schon weitaus besseres vun dier gesin.
Sin am Fong ebessi erstaunt iwert dëse Comment (den éischten vum MMPhotos).
Mir gefällt d'Kuck vum Medchen immens gutt. An d'Been brengen zousätzlech Linnen an d'Bild. Ech gehéieren souwisou net onbedengt zu den Avantgardisten an der Photographie. Wat ech och net bedaueren....
hmm eigentlesch ass ett genee sou een comment wei ech mer emmer wenschen giff well en ass eierlesch an sou kann een un sech schaffen och wann een net den beschten fotograph vun der welt ass waat souwisou keen hei op photogen ass
Dass uwen riets Flecken sin, dat as richteg. Dass d'Foto engem net gefällt ka sin an domad hun ech och kee Problem.
Mee dass d'Pose "näischt ausseet", domad kann ech wéineg ufänken. Wat fehlt der Foto dann?
D'Medchen lacht léif (oder frech), d'Pose as licht provokativ, mee net zevill...dat kann een sou gesin, muss en awer net.
ech fannen d'foto ganz witzeg, flott pose, och flott mat der eenzelner faarw hei, daat ass jo net sou oft gudd ze benotzen, mee hei gefällt et mer, well et ass dezent an ennerschtraicht awer bessi den senn vum bild.
mengen daat waat den olivier mengt uewen riets am bild gesait vir mech aus, wei wanns de do eppes ewech gestempelt häss, an daat net propper gemach häss. wann daat den fall ass, dann probeier mol mam patch tool, deen glaicht der dat zimmlech gudd aus, oder och mam stempel, bessi mei en groussen stempel huelen an deckkraft en gudd steck erofsetzen, dann kriss de dei strecher zimmlech propper fort.
also ech fannen d'idée ganz gudd ... ech sin een deen keen blaad virun den mond hellt wann et em photos geet. Fannen d'photo wierkt en bessen blatzeg ... mir gefaellt éierlech gesot dei pose net esou .... d'idée vum spagat ass wierklech gudd ... awer deen kapp henkt esou wéi verkrampft do. Sin bestemmt keen ierbensenzielert (kann déi leit och net ausstoen) mais heen geet et jo em konstruktivewn austausch.
Dei "balken" waeren mir éierlech gesot, wann et keen gesot haett), mol net opgefall...
en bessen mei faarw an dat bild erabrengen (am ps geet dat ganz einfach --> match color --> an dann saturation eropdrecken) an daat wierkt (menger meenung no) schons vill besser.
D'photographie ass emmer esou eng subjektiv saach ... hoffen sin dir net zevill op d'feiss getreppelt an du hells meng kritik als eng konstruktiv un. Dei photo photo kann ech net mat mengem (sujektiven) estheteschen standard verbannen
Sin frou dass du daat esou gesais. Ech hun éierlech gesot och net emmer meng Freet mat kritik virun allem well verschidden leit sech heiansdo onglecklech ausdrecken an een sech doduerch dann perséinlech ugegraff fillt.
Awer meng kommentarer sind an der regel emmer konstruktiver natur. Mais ...an wanns du et nemmen fir mech mess .. setz mir dei selwescht photo mat mei faarw engkéier eran. An maach denen aaneren en gefaalen an iverschaff dein gestempels ) trick fir gestempelt ze "verstoppen" :
den verwisch fanger zupsi do ) seng staerkt erofsetzen op c.a. 30- 40 % an dann drop lass weschen ...an dei spueren gin weg. vill spass an sin gespaant
och hei as ma elo opgefall das et net proper verschafft gin as bei der Teilfärbung...wei och bei denger annerer... pass dodrop op!!as een detail mee awer mengen ech wichteg !
fir de recht stemmen ech dem Incognito zou!