Mier gefällt et net. Eischtens den Uffank vun der "A****fuer", zweetens dat grausamt "A****gewei", an dann dei riisen Mähn. Wann deen BH net wier geif ech baal mengen dass et de Sänger vun Tokio Hotel wier.
D'Foto un sech ass awer ganz gudd réaliséiert geing ech soen, et ass lo direkt naischt do wat mech geing (vun der technecher Sait) stéieren, ech kéint mer fierstellen dass et mat 3. Bletz vlait nach e Krack besser wier.
Also Alphonse, den A***** steiert manner wei dei jeans, die ennen nett besonnesch ass.. an esou Riesech ass die Mähn och alt erem nett....
Mee jidderegem seng mehnung an datt ass meng , ech respekteiren och deng...mee wolt dem RivanerJoe , soen datt et dem engen esou gefält an dem aneren halt esou....sarieux den unfang fum A**** nemmen ganz buttech fannen ech supper, och den BH...an wie schons gesoot dei Boks ennen steiert mech ....vun lenks op rechts gesinn
Interessant Kommentarer!
Et dierf een net vergiessen, dass eng Foto och dokumentéiert. An Tattooen, grad wéi Boxen, déi ennen ausgefranzt sin, sin an dësem Joerzengt modern. Dass d'Medchen d'Box sou wäit rof mescht, hun ech hatt natiirlech ugestallt (ech fannen ee weiblechen Hënner flott).
Mee, Merci fir äer Remarquen, as interessant ze liesen.
duerch en aaneren cadrage ... manner op den arsch fixéiert ... en scheien bleck no hannen direkt an d'camera ...en klengen beisser op d'leps ... wéi wann ech sech giff schummen. Nuen sin emmer eng gewoten saach ...
Mir gefällt se ob den éischten Bléck net. Ech sin keen Spezialist vun Modelfotografie mee ech mengen du interesséiers dech och fir d'Meenung vun engem Laien.
Ech kann dem Alphonse_M eigentlech gréisstendeels zoustëmmen außer dem Punkt mat der "riisen Mähn". Dem Model seng Hoër gefaalen mir gudd, an ech gesin och keen Grond firwaat se net sollten an d'Bild passen. Och dei Bemierkung dass d'Model vun hannen baal ausgesäit wei een vun Tokio Hotel ass onpassend, well et gin och secherlech tëschnesch schéin Fotoën vun deem. Dat ass an bléiwt eng subjektiv Meenung.
Außer deem ze wäiten Anbleck & der Jeansbox (cf. CANON), gefaalen mir d'Faarwen net. D'Bild erschengt faarwleg gesin ze blatzeg an grooëltzeg. Vielleicht en bëssen mei Kontrast?
Soss ass et awer eigentlech eng flott Approche d'Model mol engkeier net vun fier, mee vun hannen ze fotograféieren an esou eng gewëssen Anonymitéit ze erschafen, soudass een dëss Aarbescht gudd als Reklam fir eng Jeansbox kéint benotzen.
hmmm... also d'Foto u sech gefällt mer eigentlech gudd, su vun de Faarwen hier an och dass d'Meedchen vun hannen ze gesin ass... daat mat der Aarschfuer an d'Aarschgeweih (nee, ech hu kéng Scheu et auszeschreiwen ) léisst et a méngen Aan belleg wierken... bon, géint di Tätowéirung konnts lo nix méi maan, mee d'Fuer hättch net gewisen... ass lo net dass ech fannen, dass den Henner emmer muss bedeckt sin, mee hei hättch et wuel besser fonnt... och wann et mech, waatch d'Foto mi oft kucken, emmer manner stéiert... also ka...
hmmm nee, daat stéiert mech zwa guer net... also ech hun Portraiten immens gäer, mee bei Photoen an desem Stil fannen ech net, dass ee Gesiit muss ze gesi sin... méng d'Foto u sech sprecht mech halt awer net wierkelsch un... also di huet fier mech absolut nix erotesches oder sou... ech wees, si keen Typ, vläit stin déi op soueppes, mee nujee...
haatch net su ganz gelies... mee du wolls jo di ganz Foto emännren wich graad gesin... bessi eegen Aarbecht muss de dem Auteur awer schon nach loossen... ech hun o nach puer Fotoen an dem Stil wuch nawell gäer giff roplueden... lo muss ech just nach den Accord vum Model froen... wannch di Figur hätt, giffch mech jo selwer knipsen, mee jo, ne?
ja kay, mee t'ass awer o net einfach sech selwer ze photographéiren... ausser deem stinch léiwer hannerm Photoapparat wi fierdrun... an daat wäert wuel och sou bleiwen...
Et as eng gudd Foto, bessi blatzeg vläit. Ech fannen et och net zevill getraut, a scho guer net belleg. Ech fannen se mol net onbedengt provokant, well den Dekor e Studiodekor as, deen souzesoen eidel as.
Foto as net provokative also mol net fir mech!
mee mech steirt deng Teilfärbung well kukt emol seng Fangerern rechts daat as net proper geschafft sorry Rivanerjoe daat mus de awer mei genau maan!