Ech hätt den Velo mam Personnage nach en bëssen mei noo ennen, zum Bildrand hin, kadréiert, soudass manner Strand um Bild ass. D'Bildkompositioun ass schéin, allerdengs hätt ech den Paraglyder nach eweschretouschéiert. Engersäits ass deen schon flott am Himmel, mee mech perséinlech lenkt en oof an stéiert mech.
Wei d'Sonnenluucht ob den Personnage an ob den Velo fällt ass immens schéin!
wei ech dess Foto gemaach hun (am Summer) war ech nach net sou bewandert mat ISO.. ech duecht de Fotoapparat geif automatesch ob 100 stoe bleiwen, mee hien huet automatesch den ISO ropgeschrauft.. mettlerweil hun ech dann och rausfonnt wei een daat richteg astellt ... dohier dei Waerter...
Merci fir d'Kommentarer!
Ech war mer beim Kadrage net sou secher, iergendswei huet mer d'STruktur vum Sand fier gefall... mee ech losse mech gaeren iwwerrieden
Tip Top deng Foto! Schuet nemmen dat et keen Paraglyder mee en Kite ass; well soss giff nach een Männchen drun hänken, wat natiirlech och immens flott wier um Bild.
wow wonnerwonnerwonenrschein foto scheint liichtspill an gudd atmosphäre..
kritt een richteg flemm wann een bedengt dass een muer ant schoul muss, wan een sou eng foto kukkt...