Dee genre do as ménges, dat brauch ech wuel net mi ze soen. Dofir maachen ech dir dann och ee Kommentar derzou: Ech fannen, datts du d'Moiesluucht hei ganz gudd agefaange kritt hues. Well et séch em eng Géigeliichtopnahm handelt, as dat net sou evident. Mais Liicht- a Schiedberäicher si perfekt ausgeglach. Has du do eng RAW als Ausgangsmaterial, a wa jo, woumat entwéckels du de RAW dann? Wann net, has du dann de Landschaftsprogramm ugewielt, oder hues du alles manuell agestallt. Ech froen dat, well ech nämléch och bei ähnléche Fotoen an ähnléche Situatiounen net onbedingt op sou iwwerzeegent Resultater komm sin. (Mais dat war nach mat der D70, mat der D80 hun ech do nach net su vill Erfahrung, ech hun déi réischt vun November un).
Landschaftprogram...waat as daat Nee also den apparat war op zeitautomatik. Fleit +0,3 ev derbei awer net secher. Dann den recht eng spot miessung op deem punkt wou ech wollt. As am fong richtung manuell gaang...Et as keen kompletten contrejour dofier war et net ze schweier. Als raw konverter hun ech den lightroom, mee ech hun awer net vill geaenert. Fleit bessen kontrast an fleit na bessen mei hell.
Merci! Ech gesin, wat's du gemaach hues. Ech verfuëren ähnléch. Ech hun d'Priorité à l'ouverture an dann eben och déi manuell op-oder ofblenden-Funktioun optional. Mat Landschaftsprogramm mengen ech do deen Déngen mat deem Bierg teschend dem Kapp mat Hutt an der Blumm.. Dat as deen Deel vum Riëdchen, deen Nikon séch hätt kéinte spueren...
Flott Foto, an flott Atmosphäre!! Moies fréi erwëscht een oft di schéinsten Situatiounen... haptsächlch dann wann et d'Nuecht iwer kaal war an den Daag iwer schéin get! D'Lucht ass immens schéin...
Fir esou ee flott Bild kann ee rouëg ë bëssen ze spéit an d'Schoul kommen.
D'Schoul leeft nët fort, déi flott Liichtstëmmung ass awer no e puer Minuten eriwwer.
Jo bei mir, och Macianer, as dat nach ëmmer de Fall gewiescht vun Ufank un, datt d'Aentwerten zwar fortgin an op PG ukommen, de Safari awer hänke bleift, an ech ganz erausgoe muss. Dat as lästech. Mais wat wëlls de hun? Faut faire avec..