Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

StepBACK

 
StepBACK
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.03.2007
  • Gekuckt:
    33000
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/4.8
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x678
  • Späicherplaz:
    280 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc
Extras:
Wireless Speedlight Commander SU-800
Sb 800 3x

opreegung :)

Fir anzesetzen: [pg_img=15966]
Kommentar vum Fotograf:
Daat as dei ganz Grupp an et as eng Foto wou am fong hir eenzel Perseinlechkeeten guud durstellt.... :)

Rumm as AFDG .

WEI an waat denkt dir dann ??
Merci das dir iech Zeit huelt fir Foto ze kucken

an nach des keier drop klicken ....

MarcGerard 13.03.2007 - 20:52

as as witzeg sech elo firzestelle wéi dann elo jiddereen perséinlech as. z.b. deen typ deen sech hanne verstoppt as fläit ee scheien, deen éischter vet vill schwetzt an sech alles léiwer emol ukuckt.(drummer, bassist?)
fier dee mam zylinder as fläit gäeren am mëttelpunkt an as interlektuall bis nodenklech(sänger??)
dann dee ganz lénks am bild as 't power a persénlechkeet, fënnt keng rou an ass immens witzeg (sänger drummer?)
rietz as secher leadguitar an zweet stëmm, oder? selbstsëcher, erwuessen. fläit dee musékaleschsten..
dee leschten as fläit déi zweet guitar.

souvill zu de leit bigsmile si gespant ob ech einegermoosse richteg leien bigsmile

foto:
fannen se immens flott. hoffen op déngem fichier as bessi méi an de liichter, dat villt wäisst am bild verbrennt zimlech vill. bon, kann een hei net beurdeelen. mee 't luucht fannen ech perséinlech superflott!
fläit fehle mer dem sänger séng hänn hei fir. de cadrage hätt bei dëssem bild kënne méi zentréieren. oder huet dat mer der perséinlechket ze din ? smile
eng immens flott bandfoto! se si bestemmt super-zefridden !!!
Stepback 14.03.2007 - 00:06
Also vun lenks no riets hehe.
Deen freak as den Drummer, deen mam Zylinder (ech) Guitar/Backgroundscreams, hannert mir verstoppt Bassist, matt den henn an der täsch den 2ten guitarist/backgroundscreams an dann deen sech esou steipt as den Sänger.
Kwitchibo 14.03.2007 - 00:07
closed_eye MERCI MAGGELE fir dein Comment!!!
MarcGerard 14.03.2007 - 00:28

ok, ESOU falsch woar ech net bigsmile
Sevy 13.03.2007 - 22:14
gefällt mer super gut !!! Ech wees wei schweier et mat da Beliichtung an richteg Emsetzung ass, wann een sech eng Idee gesaat huet mat da Bildopdeelung.. an hei ass se wierklech gelongen
NoHa 13.03.2007 - 22:33
Fannen ech och super... an kann mer och fierstellen, datt dës Photo d Museksrichtung vun der band ausset, an och den Charme!
Beliichtung as super!
Kwitchibo 13.03.2007 - 22:36
smile merci freet mech immens das se mol ze gefallen schengt!

Olivier 13.03.2007 - 22:46
Gudd dat een lo eppes haihin geschriwen huet... soss hätt ech se net entdeckt...
Fannen se super... mee, wei hues du dei beliichtung hikruut?
Einfach 3 bletzer op den buedem gestallt, an glaichzaiteg ausgeleist?
Kwitchibo 13.03.2007 - 22:49
jo mat verschiedenen stärkten mee et soll een jo net alles soen ....
dofir wärt ech meng Fotoen och elo mei kleng erop lueden wann ech daat iwerhaapt nach maan...

ech hun bessi flem ....

merci Olivier fir dein Comment gudd das PG dech huet closed_eye
thx DUDE
annemie 13.03.2007 - 23:48
Hehe... dei doo ass gudd!!! Den Opbau an d'Luut gefällt mer smile D'Rumm...nuje...
mee du kanns dem "stepback" dach net einfach seng Hänn oofschneiden (dann lued en jo nie mei fotoen rop!). Ausser oofgeschniddenen Hänn fällt mer hei aawer elo naischt weider op waat mech stéiert.
Deen viir kukkt einfach "Photogen" dran mat sengem zylinder ;)), den Drummer lenks vun em ass alt weinstens op deser Foto gaga bigsmilebigsmile ;-) déi aaner drai kucken ganz gemittlech dran... *g*

Ech fannen di Foto huet einfach eppes. (an ech hun mer meih gin net ze chatten ;)
Kwitchibo 13.03.2007 - 23:51
Mat den hänn steirt mech elo net ...mmh merci fir dein Kommentar

GREETZ
krautheim 14.03.2007 - 00:22
Wou vill Schwarz ass gehéiert och vill Wäiss hin. Mir gefällt déi Foto déck gudd och wéinst déier héijer Schärft am Bild.
Kwitchibo 14.03.2007 - 00:36
MERCI BEAUCOUP
kola 14.03.2007 - 13:12
Ganz gudd an der Beliichtung an schéin scharf !
De Bassist ass villaicht e bëschen zevill verstoppt, an ech hätt se och méi zentréiert.
Kwitchibo 14.03.2007 - 19:43
daat mam Zentreiren wees ech net esou richteg well et as fannen ech zimlech interessant wann grad keen richteg an der mett as ! well et as jo eng GRUPP!

MERCI fir dein Kommentar
Pinocchio 14.03.2007 - 15:20
Superbe. Juste domage que le personnage au centre ne se tienne pas un tout petit peu plus sur la droite de sorte que ses deux yeux soient visibles.
Kwitchibo 14.03.2007 - 19:42
kann guud sin!!merci
patty 19.03.2007 - 18:53
aaaaah Stepback dudetowner musek daat rockt**** smile

dei foto ass gail! ech fannen keng aaner wieder well cool klengt mettlerweil langweileg,flott kleng öde ;))) (also fier mech)

Rumm fannen ech awer gut! waiss wär flait ideal gewiercht mee daat ass sou hmm wei soll ech soen well daat eben passt an eng foto s/w ass trauen sech vill lait net eng aaner farw ze huelen an dofie gefällt mer daat nach mei smile

dei luucht genial, ambiance och ganz flott!(daat klengt lo rem net öde kann een jo net bei alles gail shreiwwen ;)))) )
Endlech eng Ordentlech foto vun hinnen smile)))

gut arbescht!vun mier eng 9!
Kwitchibo 19.03.2007 - 20:08
vilnols merci eierlech!!danke!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 272 Gäscht online