Näischt as hannen iwwerbeliicht. Dat as eng High Key Opnahm. An ech fannen se gudd sou beliicht. Wéi wéils du dan viir nach eppes aanescht hu wéi schwarz, wann hanne "gudd" beliicht wier?
high key géif ech et zwar och net nennen mee wats den nicon07 seet as ganz richteg. de rom läit net ganz richteg mat deem wat e seet. op der enger säit stëmmt et, ob der anerer säit as dat éischtens net schlecht oder falsch, an zweetens kanns de dann och soen dass z.b. 't théik bei der säit vum meedchen ennerbeliicht as. oder z.b. déi jacket riets vir am bild. du kanns dach kee bild man wou näicht enner oder iwwerbeliicht as. soss hues de jo guer keng schieder a strukture méi. ech fannen et emmer blöd wann dat as fehler kritiséiert gett. dat geet net perséinlech géint dech rom, mee ech stellen dat firun allem mol sou an de raum well ech dat dacks hei liesen.
zum bild: mäer perséinlech gefällt et net schlecht. et fehlt fläit nach ee bléckfang. z.b. häss de kënnen den aparat e BESSI méi héich halen, dann hätt een den "ncihtraucher" gesin. mee dat as een detail. et as puermol net einfach esou klengegkeete bei der opnahm ze gesin
jo mee soumols wou ech de fotoapparat einfach op den desch gestallt hun an ofgedreckt hun sou dass leit net mirken dass se fotografeiert ginn sollt jo eng moment opnahm sinn kloer wier cool den nichtraucher logo ganz drop ze hun bei der nächster vielleicht! mee mir huet theik gefall an dass se allen 2 sou eleng do soutzen!
Ech hu jo och nët gesot dass daat schlecht wier hannen, et stéiert mech perséinlech just e bëssen. Ech behaapten och nët, ech hätt et besser gemat. (Ech hun et léiwer iwer- wéi ennerbeliicht.)
Am Analogen hätt een do d'Méiglechkeet bëssen nozebeliichten, daat geng vläit schon duergoen... mee am PS kennen ech mech nët genuch aus vir ze soen wéi een daat kéint änneren.