> Hei ans do ass ett besser ett seet een neischt <,
dofier soen ech nemmen eppes iwert d'Foto:
Ech fannen se gudd, daat matt den Hoer e beschen Flou gett der Foto eppes extraes. Reflextiounen fum Fenstergitter fannen ech och gudd, an Schietspill teschent der lenksser Sait op deen rietsen Oarm deen dann erem aus dem Schwaarzen kennt, gudd
PS: loos dech nett ennerkreien. A jo, ech sinn och een Mann, SORRY
lo mol ganz objektiv och als typ: also daat eischt waat steiert ass deen rouer oder stang oder waat och emmer et ass deen riets am bild ass en plus fannen ech bessen mei kontrast hätt et bruet! mee hei noch ist nicht aller tage abend versich et nacheemol
ok di stang oda seou steiert mej o... an wier fleit besser wann dhoa o na bessi mi deitlech wier mee dofir fannen ech d foto awa net schlecht ech fannen se huet wieklej eps ... muss net emmer eng TOPfoto sin fir gut ze sin... an ajo wollt na son ech sin e meedchen
Also fir emol kloer ze stellen, Jongen an Meedecher: (Respektiv Männer a Fraen) Ech hun d'Foto aktivéiert well den usaz net esou schlecht ass, d'Luucht ass gutt mee et stéiert dass een d'Fenster sou vill gesäit, ech duecht alt hatt geif dozou puer interessant Kritiken kreien matt denen et eppes kann ufänken.
@sarah_1: Du hues net onrecht, et ass schonn iergendwei schlemm dass daat duergeet dass eng Foto vill Klicks kritt, mee hatt kann hei jo net dofir, dofir hätt ech an denger Plaz deng Meenung enzwech aanescht geschriwwen amplaz hei bei des Foto. (Forum?) An daat matt de Bewärtungen war vun Ufank un esou, allerdings geif ech dei an denger Plaz guer net esou streng kucken, se sinn sws näicht Wärt
Waat jidfereen gutt fennt a waat net, do ginn et keng Reegelen, do kann een och kengem draschwätzen ausser et ass extrem. Mee op jiddefall steet och neirens dass eng Foto onbedingt vill Kontrast muss hun ... oder?
Also ech hun zwar meng kritik ofginn vun teschnecher seit mee hey ech well keen demotiveieren... Mengen ech sinn och nach um ufank an mer hoffen nach vill flott fotoen weider hei ze gesinn och vun dir vun dohier huel kritiken hei net emmer zevill perseinlech op Mee trotzdem dei eischten foto huet vill gestreids an diskussiounen hei ausgeleist daat hun der nach net vill geschafft kann een et och sou gesinn
ech fannen usech dass usatz ganz gudd ass, fannen luucht flott um kierper, just dei luucht vun der fenster ass sou hell dass den kierper net mei su den haptsujet ass, wann den kierper alleng wier mat der luucht wier se ganz flott.
fazit: intressant pose an luucht, et mierkt een dass de der gedanken gema hues.
jo knolles bei meng bioexposee huet proffin och dei am beschten fonnt wou am meeschten haut gewissen guff also schwetzen vun reklammen dei ech rangin hun
Ech geiff et eierlech gesot net schlecht fannen wann den auteur vun der foto epps zu senger verteidegung geiff soen respektiv seng meenung zu deem ganzen geiff äusseren wier net mei wei fair