Hmm, gefällt mer, d'Auer wei och d'Foto...
Flott Opnahm vun der Auer, mei kann ech net derzou soen... Se ass technesch a mengen Aan tiptop sou, natierlech ass d'Motiv lo naischt weltbewegendes... Mee bon, och eng Auer ass photogen, des Foto ass de Beweis.
Muss mech dem st_cub uschleissen andeems ech soen: Einfach mee gudd!
schein presentatioun fum objet...dei diagonal am hannergrond mecht den rescht...
natilisch o eng mega auer dissde do font hoss! (hublot seet ma zwa niks mee gesait daier aus...)
eenzesch kritik: dei schnouer dei sou no ennen hin raushängt steiert mech e bessi mee well se schwarz as as et nik SOU well....
GEFELLT!
Kennt drop un wéi é Wierk dran ass... Bei engem rengrassëgen Manufakturwierk maybe, wann ët awer, wéi ech mengen én Dubois-Déraz Kaliber 2021 ass, daat op dem Allerweltskaliber ETA 2892-A2 baséiert, da wär daat duebelt allerdëngs scho baal eng Frechhét...
Sou Armand, lo wou mer eis "Fährtchen" kruut hun, kënne mer dann zur Saach kommen... Also ech fannen dass d'Auer gudd photographéiert ass, ouni stéierend Reflexer, waat bei sou Saachen oft é Problem ass. Par contre wéi se présentéiert ass, respektiv den Hannergrond, do sin ech mer nët sou am Kloren... Wéei gesàiss du daat?