Ulalala, wonnerbar! Dei Deiftenschärft, an dei Blumm do! Fantastesch! An dee Fotoapparat... super!
Mee d'Foto ass wierklech gudd, eng flott Makro-opnahm! Super scharf gin, an dei gefällt mer einfach. Mei brauch ech net ze soen... Tiptop!
Onbedengt uklicken, am groussen ass se impressionnant!
Gefällt mer, Schärft an Déiwteschärft sin erstaunlech gudd. D'Faarwen sin net iwerdriwen an d'Motiv ass aussergewéinlech, zumindest hun ech nach ni sou eng Planz gesin. Wat ass dat fir eng Blumm?
Elo géif mech wierklech interesséieren wat fir en Objektiv datts de hues? ok, 105mm Macro vermudden ech me Nikon, Sigma...?
Ech hun der och een an sin super zefridden domat.
Wann een eis K-Nickelen knippst, geseist een en RIESEN Ënnerscheed beim Peltz. Mam Sigma 2,8/105mm as en gestachen scharf an vill méi detailéiert wie z.B. Nikkor DX18-55
Nikon huet och en 105mm 2.8, net nemmen Sigma.
An ech hun den Androck wéi wann hei e bessi méi Déiwteschärft wir ewéi bei dengen Fotoen. Dat kann ower och un der Opnamesituatioun leien, dofir froen ech jo ob Nikon oder Sigma.
Ech haat gekuckt waat den st_cub fir Material huet. An du steet e Sigma 2,8/105mm.
Mee duerfir hun ech en "?" hannert den Sigma 2,8/105mm gemach.
Ech wees datt Nikkor och sou een huet mee deen as bal duebel sou déier wéi den Sigma.
Merci fir äre kommentären...
Fir déi die an d'Blum selwer interesséiert sinn :
Am ufank geseit die sou aus : http://www.pbase.com/st_cub/image/62036266
An dann geet ët sou weider : http://www.pbase.com/st_cub/image/61631434
An dann esou : http://www.pbase.com/st_cub/image/62001618
An am end : http://www.pbase.com/st_cub/image/62806671
ha no geht d'"boule" op et les graines sont libérées !!
Ech wëll net als dee Béise gëllen, deen ëmmer alles besser Weess, well dat as nach laang net wouer. Eischter de Géigendell as richteg, datt ech nach vill vun deenen aanere léier kann a muss, mais hei an dësem Fall sin ech awer sécher, datt di Blumm do eng Nigella damascena oder och nach Jungfer im Grünen as, a keng Cosmos. Der Botanik zur Léift muss een dat awer soen.
Schengt eng Blumm ze sin déi pflegeleicht ass. Hun ower och eppes gelies vun "gëfteg" allerdengs keng Detailer ausser datt se och als Helplanz genozt get.
Wes elo net ob ech déi uplanzen soll, hun en klengt Kand...
deng Blum as super gelongen, wat hier nach en Extra get, as dat verschwommen Blo vun enger Nigella am Hannergronn.
Ech fréen mech op weider Biller vun dir
esin selwer och gegeeschtert vun mengem Sigma 105 2.8