Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bryce Canyon

 
Bryce Canyon
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.01.2007
  • Gekuckt:
    19773
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/100
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x539
  • Späicherplaz:
    228 KB
  • Originaldatum:
    2006:10:25 08:32:05
  • Fotoapparat:
    DYNAX 7D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=13575]
Kommentar vum Fotograf:
OK, ech konnt awer nët widdertoon. Hei ass méng Versioun vun deem berühmten Baam um Bryce Canyon.
yoshi 09.01.2007 - 22:32
nee wei cool bigsmile
kann mer gudd virstellen dass deen berühmt ass, mee ech hun en bis elo net kannt smile
rem eng super foto bigsmile
Neckel 09.01.2007 - 22:32
Herrlech Vue, super Faarwen, flott duergestallt , gefällt mer !!
spako 09.01.2007 - 22:35
Ah dee Baam hun ech schon gesin.. dee steet op den Zeiwespetzen smile flott Fuerwen.. ech fanne just e bessi schued dat d'Kroun vum Baam e bessi mat dem Besch am Hannergronnd verschmelzt.. mee et war bestemmt entweder sou oder net dei herrlech Vue den Hiwwel eroof ze hun ... an dei weilt ech hei aawer och net messe wellen...
Charly 09.01.2007 - 22:38
Hues scho Recht. Ech hätt och léiwer entweder de Baam ganz virun dem Canyon oder besser d'Kroun ganz firum Himmel gehaat. Mee dann hätt ech missen op eng geféierlech Plaaz no beim Ofgrond fir nach mam 10mm schaffen ze kënnen.
Charly 09.01.2007 - 22:36
Just fir schwaach Härzer ze calméieren (sorry, ech wosst nët wéi ech "berouegen" schreiwe sollt ...): Och wann et esou ausgesäit, deen krabbelt nët ronderem mee ass schon do festgwues smile
MarcGerard 09.01.2007 - 23:01

décke gas! hummer!!!!!
Nicon07 09.01.2007 - 23:09
Dat do as ménges. Ech muss awer eng Kéier iwwert mäi Schiëd sprangen an an een transatlantesche Fliijer klammen (a matfléien). Genial Foto, déi kéint och am GEO oder an der National Geographic sin. Bravo
Charly 10.01.2007 - 08:17
Hehe, ech kennen een vun den National Geographic Photographen. Wanns de deem séng Biller gesäis ...
annemie 09.01.2007 - 23:13
woah smile
....STAUN..... einfach nemen de Glanz smile
MarcGerard 09.01.2007 - 23:32

de schied well ech net, mee ouni déi wolléck wier et och doof gewiecht bigsmile
Charly 10.01.2007 - 08:18
Tja, ouni d'Wolléken wir d'Bild nëmmen hallef esou flott.
JADE 10.01.2007 - 00:05
deen Baam war schon eng Kéier hei ...
ech fannen en awer nët erëm ... kann een mir do hëllefen? ... oder haas du en deemols och eropgelueden, Charly?
ët ass villäicht 1 oder 1an1/2 Mount hier ...

ech wollt en einfach erëmfannen ...
Charly 10.01.2007 - 08:18
Also ech haat deen nach nët erop gelueden.
JADE 10.01.2007 - 08:23
ha!! ... ët war den Rabicop!! ... hien huet se elo erëm eropgelueden ... smile ...
= déi 6. Foto lénks vun denger
Charly 10.01.2007 - 09:13
Schons gesin. Merci.
celinou 10.01.2007 - 00:19
whoo, wat eng aussiicht... genial!
Aleyshia 10.01.2007 - 03:30
Kann mer denken why deen Baam berühmt ass...ass et well en op den zeiwen spetzten den Canyon roofleeft?oder spannen ech lo komplett?!?!
Wann ech sou Fotoen kucken, och dei vum CK, denken ech mer: ech muss an westamerika!!!!
Charly 10.01.2007 - 08:20
Also de ganze Westen vun den USA (California, Oregon, Nevada, Utah, Arizona, ...) ass phantastesch fir Photographen (an all déi aaner och ...)
Rabicop 10.01.2007 - 03:50
jo jo, do geet et gehirloos direkt biergoof, dat heescht du bas awer och hannert d'oofsperrung geklomm fir di foto do ze man a wann ech de canyon sou kucken muss du awer zu engem speiden zaitpunkt do geweescht sin, ech war zu metteg do am mee, do sin d'faarwen feierroud bis goldeg, mengen ech setzen dee beemchen och nach drop, awer als porträt.

dee muss een einfach gesin hun smile¨
deng foto gefàllt mer, wi se bis lo all, du haas mega chance mam wieder do, d'woulécken passen deck gudd hei.
Charly 10.01.2007 - 08:22
Daat do wor am fréien Virmëtteg. Kucken nach d'Zäit genau no. D'Wieder wor gudd, mee wiésselhaft. Nuets déck gefruer. Kuerz no deser Photo wor ech ënnen am Canyon an engem Donnerwieder mat Schnéi ... Do kënnt nach eng super Photo no.
P.S.: Liefts Du an enger aaner Zäitzoon oder gees Du nie schloofen?
Rabicop 10.01.2007 - 14:59
tjo, dat as komplizeiert, ech schloofen wann anerer waakreg, an waachen wann anerer schloofen, sou kann een dat flait poetesch ausdrécken smile
Olivier 10.01.2007 - 09:54
Huiii...ass wiekrlech schein... super faarwen, super kuliss...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 664 Gäscht online