Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Zebra Canyon

 
Zebra Canyon
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.12.2006
  • Gekuckt:
    24860
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    1/4
  • Blend:
    f//8.0
  • Brennwäit:
    31 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    116 KB
  • Originaldatum:
    30/Oct/2006
  • Fotoapparat:
    Canon 1D Mark II
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Canon 17-40 @ 24mm
Stativ
GPS fir mech net duerno an der Wildniss ze verlaafen

Fir anzesetzen: [pg_img=12694]
Kommentar vum Fotograf:
En Slot Canyon am Süden vun Utah - net esou einfach ze fannen, an net esou évident fir derduerch ze kommen.
JADE 12.12.2006 - 22:54
pffffffffff ... hut dir iech haut all d'Wuert gin, oder wéi??

waat soll een do nach soen?? ... huel mech déi nächste Kéier als Gepäckträger mat ...

immens schéin Faarwen, Cadrage, Perspektive, an ... an ... an ...
CK 12.12.2006 - 22:56
"haut d'Wuert gin"? Verstin ech net.

Gepäckträger, jo, keng schlecht Iddi, wann ech kucken waat ech sou Fotosmaterial matschleefen, an dann nach alles vun Gezei dohannen kaafen. smile

Thanks. smile
JADE 12.12.2006 - 23:03
"se donner le mot" ... closed_eye) ... ët gin haut lauter flott Fotoen eropgelueden
CK 12.12.2006 - 23:06
Ah, ok, sou verstin ech et. smile
OK-Photography 12.12.2006 - 22:54
scheenial!
gesait iergendswei ausserirdisch aus mat denen saugnätonguef...cool
bas du do derduesch gaang?gesait op allefall nik no engem spazeierwee aus...closed_eye
wei emma eng super naturfoto fun der!
CK 12.12.2006 - 23:02
Merci. smile

Jo, do sin ech duerchgaang, d'Foto ass entstaan um Wee fir rëm raus. Kuerz hannert mer vun der do Perspektiv aus sin ech net méi weiderkomm, do war een Oofsaatz vun vlaicht 2 Meter deen ech net erop komm sin (an eroofkommen ass och esou eng Saach, well een ganz séier kann hänken bleiwen an sech de Fouss verstauchen). Firdrunner haat ech schon mol missten "chimneying" machen, well d'Wand ennen beim Buedem esou schmuel war dass ech net duerchkomm wier.
OK-Photography 12.12.2006 - 23:09
holla...rieschtech expeditiven trip also...klengt op allefall dekk kuhl!closed_eye
USA stung asich bis lo nik op menger wonschlecht...mee wans du feddisch bas...cool
Pinocchio 12.12.2006 - 23:06
Y'a pas à dire, ce soir il y en a certains qui ont sorti le grand jeu !
Très impressionant, juste dommage que le soleil ne pénètre pas un peu plus.
JADE 12.12.2006 - 23:10
... pourtant j'ai beau secouer mes manches ... il n'en sort aucune photo potable ...
mais il vrai aussi que je n'arriverai jamais à jouer dans la cour des grands, non plus ... et oui ! ... on l'a ou ne l'a pas !! ...
Kwitchibo 12.12.2006 - 23:15
da ma mol fotoen daat helleft schon ganz vill............
CK 12.12.2006 - 23:16
Hehe, stëmmt. smile

(Gëlt och fir mech, ech machen an läschter Zeit just nach Sport oder Vakanzenfotoën. sad
JADE 12.12.2006 - 23:17
stëmmt nawell !! ...
ech hun och nach nie am Loto gewonn, mee ech spillen jo och nët ...
CK 12.12.2006 - 23:15
Merci. smile

Obwuel, d'Saach mat der Sonn an engem Slot-Canyon ass dass een dann ganz séier méi eng grouss Dynamic Range krit wéi den Fotoapparat handhaben kann - an en also iwwerexposéiert.

(Déi Hellegkeet um ënn vun der Foto ass nach emmer indirekt Liicht.)
annemie 12.12.2006 - 23:12
- sprachlos -
HUMMER!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!
CK 12.12.2006 - 23:17
Merci. smile
No_Saint 12.12.2006 - 23:16
Gesait gudd aus, ass den néierens méi breet (wéi z.B. den Antelope Canyon)?
An déi "Saugnätonguef", sinn daat vestengert Muschëlen?
CK 12.12.2006 - 23:23
Daat schéngt eng Art "Moqui Marble" (http://www.rocksandminerals.com/specimens/moqui.htm) ze sin, ausser dass en halt am Steen dran ass, an net esou rondrem leit (deer hun ech och leider keng gesin).

Am Ufank ass en nach bessen méi breet, mee get ganz séier schmuel. Eigentlech net ze vergleichen mam Antelope, deen ass bei weitem méi grouss an méi laang.
Paukl 13.12.2006 - 06:44
Fannen d'Foto och super. D'Faarwen sin mega schein. Ech well och eng Keier an America....
CK 13.12.2006 - 07:20
Thanks. smile
TheGuitarist 13.12.2006 - 18:04
WOW, eng ganz schéin Foto, gefällt mir super gutt !
CK 13.12.2006 - 18:09
Merci.
JADE 06.04.2008 - 16:09
fannen se nach ëmer esou flott ...

an dëss Versiounen dovunner och ...
http://www.pbase.com/fremietfr/sensuality ...
http://www.pbase.com/bircher/antelope_canyon
CK 06.04.2008 - 18:33
Ah, mee Antelope Canyon, daat ass eng ganz aner Plaatz. smile
JADE 06.04.2008 - 19:05
lol ... ah bon? ... awer bessi ähnlech, nee? ... closed_eye)

d'selwescht herrlech awer ... smile)
OK-Photography 06.04.2008 - 19:28
zepraen, antiloopen...wien kann do schons den Duerchbleck bhaalen.....LooooL tonguep

mengn den Antelope Canyon as den -phototechnech- am bekanntesten...huet iergendswei nach op ALL Foto wou ech gesin hun immens Faarwen....
(sei denn se hetten puer Spoten odersou do installeiert....cool) closed_eye
JADE 06.04.2008 - 19:29
pfffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff ... jo .. oder esou ... smile))
iergend esoueen Safari
CK 06.04.2008 - 20:08
Daat stemmt, den Upper ass mengen ech de bekanntesten, dann kennt de Lower... mee daat ass wuel och well d'Parkplaatzen fir beid praktesch direkt nieft dem Highway leien. Bei vill aner Slot Canyons muss een fir d'éicht laang Meilen iwert Dirt Roads fueren, dann oft wessen bei wéi engem Wash een muss haalen bleiwen (baal nie bescheldert) an dann nach deelweis meileweit zu Fouss goën, an duerno oft nach klooteren kennen...

... do sin schon vill Photographen net méi esou begeeschtert wann et heescht (a) hieren Auto knaschteg oder vlait futti machen, (b) hiert Geschiir kilometerweit duercht d'Wüst ze schleefen an (c) ze wessen dass wann engem eppes geschit wuel keen an der Geigend ass fir ze hellefen.
JADE 06.04.2008 - 20:10
hmmm ... geféierlech also ... dann awer nix fir mech ...

eng Fro nach ...
wéi ass hei den Massstab? ... also wann do eng Persoun op der Foto wier?
CK 06.04.2008 - 20:40
Ass emmer relativ, daat mat der Geféierlechkeet. D'Diddelenger Autobunn ass och geféierlech, déi fiert awer jidfereen ouni sech Gedanken ze machen. Hänkt emmer vun der Perspektif oof. smile

Also deen hei Slot Canyon ass net esou extrem grouss, op der hei Foto haat ech den Apparat op engem Stativ (also vlait 1.5m - 2m vum buedem). D'Wänn sin op Kierperhéicht circa 1m auserneen, manner no ennen, do geht et deelweis mol net duer den Fouss riicht opzesetzen. (Stativ kann een also net ganz opstellen).
CK 06.04.2008 - 20:43
Hei e puer Fotoën déi d'gréisst besser duerstellen:

http://www.canyoneeringusa.com/rave/mar22/upper.ht...

(Wéi ech do war, war kee Wasser dran-)
JADE 06.04.2008 - 21:47
Oh merci !

Effektiv ... gesäit schon vill manner geféierlech aus ... smile
à propos geféierlech ... mir soen ëmmer ... déi meescht Leit stierwen am Bett, an awer klammen mir all Daag erëm dran ... closed_eye

ech haat mir daat villllllllllllllll méi rieseg virgestallt ... esou wéi wann d'Mënschen wéi Minipunkten dran wieren ...
CK 06.04.2008 - 22:08
Geféierlech ass manner d'Gréisst mee:

- bei schlechtem Wieder kann mol vill Wasser beieneen kommen
- Emknëcksen
- Widert en lousen Steen kommen an dann ageklemmt gin
- Gëfteg Schlaangen
- Net genuch Wasser drénken an dehydratéieren
- Sech an der Wüst verlaafen an den Wee zréck bei den Auto net fannen

Mee wann ee bessen firbereed ass, dann ass daat alles net méi geféierlech wéi hei zu Lëtzebueg an d'Stadt fueren. Just bessen méi flott. smile
JADE 06.04.2008 - 22:09
Ok ... sin gewarnt ... smile
an berouegt? :S
CK 06.04.2008 - 20:03
Also sin lo keen Expert an Geologie, mee d'Farwen am Zebra sin ganz anescht - am Antelope ass alles eng Farw, an den Fiels ass och komplett gleichméisseg.

An beim Lower Antelope kann een quasi virun der Entree parken, hei muss een schon 2 Meilen dohinner wanderen an dann och nach genee wessen wou en ass, well bescheldert ass dee Wee net... ass also eppes ganz anescht, schon nemmen well een am Antelope wuel nie wierklech eleng ass.
JADE 06.04.2008 - 20:07
Merci fir d'Info ...

egalwéi ... beneiden ech dech ... unhappy)))
CK 06.04.2008 - 20:09
Net beneiden - selwer machen. smile
JADE 06.04.2008 - 20:10
nee ... do sin ech dann awer zevill Faertar*** ... unhappy((
orlok 27.08.2012 - 10:06
Ass super, déi hei.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 427 Gäscht online