eigentlech wollt ech eppes aanescht maachen mee ech haat net genuch Fixspein fier dat hinzekreien... dofier da mol sou ee Fixspoun... een aanere kennt da no wann ech neier kaaft hun :-)
... révéler et transmettre ... le compliqué de la simplicité ... ou ... la simplicité du compliqué ...
N'est-ce pas là la clé du talent?? ... je le crois bien ...
allez hep ... déi nächst !!!...
nët daas dëss mir nët gefällt ... ganz am Contraire ... ech sin bänzeg op weider Biller ...
Do kann ee scho feier a Flam si fir di Foto. Och wann do technesch Imperfektiounen dra sin, mais déi faalen awer elo net an d'Gewiicht. Ech selwer wier schlecht drun, well ech nach ni sou eng Foto probéiert hun. Dofir kritizéieren ech lo net gär. Ech kucken einfach nëmmen a bewonneren dech an déng Konscht. A mam JADE biëdelen ech, fir nach esou flott Biller gewisen ze kréien.
Merci Jade an Nicon07 Ech wier wiirklech frouh wanns de mer dei Imperfektioune geifs erfierstraichen, well ech hun iergendswei net de Bleck derfier, a wann ech jo net wees waat net gudd drun ass kann ech et jo net besser maachen mech perseinlech steiert e bessen dee "grengstach" um Spoun... wees allerdengs net wei ech daat kann aenneren ....
ech perséinlech gesin lauter Pinktelcher um Holz vum Fixspoun (wahrscheinlech mini-Holz-Spéin) ... an Onebenheeten lénks uewen an ënnen laanscht den Fixspounholzstab ... den grinstach stéiert mech nêt esou ... mist een ouni gesin an vergläichen ...
Mir kënnt se am grousse ganzen e bessen onscharf fir, mais dat kann och durch d'Hëtztflimmere kommen. Dee Gringespoun um Fixspoun (lol) as mer elo net sou opgefall, dofir awer deen helle Mëttelpunkt an der Flam. Mais well ech net weess, ob dat normal as, wann een direkt an eng Flam fotograféiert, dofir wollt ech och kee Kommentar derzou maachen. Dofir misste mer da schon ee aanere user hei froen, deen mat esou Biller méi Erfahrung huet. Mir geet zwar elo nach eppes durch de Kapp zum Gringstach. Wéi eng Luucht has du fir vu lénks ze beliichten, an hues du de Wäisofgläich op déi Liichttemperatur ugepasst? Ech ka mir et wiirkléch nëmmen esou erklären. Et as wi an der analoger Fotografie, wou een och extra Konschtliichtfilmer kritt. Wat mengs du derzou?
Jo do keins de Recht hun! ech maachen haut oder muer nach ee Versuch ... dan stellen ech meng WB mol aaneshct an... ech denken ech muss vlait och mei eng kleng Blend huelen da get se vlait mei schaarf...lo muss ech just nach Fixspein obdreiwen