Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

l'étoile de mer

 
l'étoile de mer
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.11.2006
  • Gekuckt:
    22673
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f/5.3
  • Brennwäit:
    65 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    500x487
  • Späicherplaz:
    280 KB
  • Originaldatum:
    02.11.2006
  • Fotoapparat:
    Nikon D70s
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Misc  
Extras:
/

Fir anzesetzen: [pg_img=12029]
Kommentar vum Fotograf:
Fotograféiert am Kölner Zoo.

Waat ech flott fannen heidrun ass dee "Kontrast" vun de Loftbloosen: rondrem de Stär schwirren d'Loftbloosen all séier rondrem an sin net schaarf mee an der Mett vum Stär ass et roueg an 't erkennt een all eenzel Bloos :)
Masterpii 18.11.2006 - 00:44
Also Foto gefällt eigentlech richteg gudd!!mat den Waasserbloosen, denen Fetzen ennen, gudd kadreiert! Waat besen schued as, as dass se kleng as, an deng Ennerschreft ennen as besen zevill!! mengen, do geng Minaa och duer goen!! Mee soss gudd Foto!
Minaa 18.11.2006 - 18:42
Sou kleng ass se well se ufanks, wéi ech se roplueden wollt, ze grouss war. Hun se dun méi kleng gemaa mee se war trotzdem nach ze grouss an dun hun ech se réicht am Photoshop ennert bessen manner gudder Qualitéit gespeichert fir ennert déi firgeschriwwen 300KB ze kommen. Bei den nächsten Fotoen wees ech daat, déi gin rem mi grouss ropgelueden closed_eye

D'Ennerschreft... haat déi sou dropgemaa fir d'Foto op meng Hp ze setzen, war ufanks net fir op photogen geduecht. Mech perséinlech stéiert se sou net, mee trotzdem merci fir dein Kommentar smile
sanitel 18.11.2006 - 00:46
wöi de Masterpii schon gesoot huet, stemmen him an allen Belangen zou. Waat ech selwer nach hinzoufÜgen muss, as dassde Spiggelungen gudd évitéiert hues ! smile
Minaa 18.11.2006 - 18:45
Jo mat de Spiggelungen haat ech wierklech Chance... Sin selwer bessen erstaunt, hu relativ vill Fotoen do am Aquarium gemaa an 't ass op kenger eng Spiggelung drop smile Merci fir de Kommentar smile
JADE 18.11.2006 - 02:48
déi ass richteg gutt gin ...
erfrëschend Faarwen, baal (!) carré Format, Sujet nët wéi een Stär présentéiert (dh. nët Spëtzt no uewen), ze zentréiert?, hmmm ... mir gefällt ët esou wéi se ass ... an d'Ënnerschrëft stéiert mech vill manner esou, wéi wann se am Bild gewiescht wir
Minaa 18.11.2006 - 18:48
'T sollt ufanks eigentlech carré-Format gin mee hun et duerno einfach nemmen sou geschnidden daat de Stär richteg zentréiert ass. Haat amfong nach welles d'Foto sou ze dréinen daat de Stär de richtegen Wee steet (also Spetzt no uewen) mee dann ass et jo gudd daat ech daat net gemaach hun tongue

Merci smile
spako 18.11.2006 - 08:18
Wow immens schein, ech hun direkt missen drop klicke fier se mei grouss ze gesin, flott Fuerwen an flott dynamik duerch d'Waasser!
Minaa 18.11.2006 - 18:49
Merci smile
Neckel 18.11.2006 - 10:05
Flott cadreiert, gefällt mer , schein Faarwen ... tip-top closed_eye
Minaa 18.11.2006 - 18:49
Merci smile
rom 18.11.2006 - 10:42
Mir gefällt déi och gutt. Et stéiert och guer nët dass de Stär hei genau an der Mëtt as.

Déi bëssen méi lang Belichtungszäit mecht et interessant mat de Blosen.
Minaa 18.11.2006 - 18:52
Merci smile
ApplEric 18.11.2006 - 12:20
Cool! Jo, wei dei aaner scho gesot hun, gudd cadreiert, schein faarwen a virun allem e flott Motiv. Et se mol keng Spiggelungen am Glas ze gesin! Einfach herrlech, deen Seistär deens de hei zum Star mechs... smile
Minaa 18.11.2006 - 18:54
Jo, wéi ech schon ennen beim Sanitel geschriwwen hun, haat wierklech Chance waat d'Spiggelungen ugeet smile
Ma dann gin ech sengem engleschen Numm jo gerecht... "Starfish" tongue

Merci smile
kanufla 18.11.2006 - 12:34
Flott Foto!Stär as cool !Bloosen ganz lusteg! KAdrage och gud !Einfach eng Schéin Foto!
Minaa 18.11.2006 - 18:54
Merci smile
Penguin 18.11.2006 - 15:55
Wow, ech spieren schon eng waarm Mierloft ëm méng Oueren fléien & dann deen Miergeroch......

Schéin Photo, flott Faarwenkombi & Cadrage gefällt mer ganz guddsmile
Fannen di Loftbloosen an der Mëtt vum Stär interessant.
Minaa 18.11.2006 - 18:57
Jo, ouni d'Loftbloosen an der Mett vum Stär géing d'Foto mer selwer mengen ech net sou gefaalen... déi zéihen de Bléck iergentwéi un smile

Merci fir dein Kommentar smile
miss_c 19.01.2007 - 17:19
gefällt ma meeeeeeeegaaaa gutt !!!
Minaa 04.02.2007 - 16:46
Merci, daat freet mech smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 525 Gäscht online