Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

HUSCH und weg!

 
HUSCH und weg!
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.11.2006
  • Gekuckt:
    34802
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    1
  • Blend:
    f/6.7
  • Brennwäit:
    11.5 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    900x675
  • Späicherplaz:
    255 KB
  • Originaldatum:
    21/8/2006
  • Fotoapparat:
    Olympus 7070 WZ
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Reptiler
2. Kategorie: Bewegung »» Misc
Extras:
de Sammy =) (Schlaang)
Stativ
dem Kwitchibo seng Ex-Olympus Cam an seng Hëlëf
PS
Lightroom

Fir anzesetzen: [pg_img=12026]
Kommentar vum Fotograf:
Jojo daat as den Sammy( no sénger Häutung ) deen ganz aktif dovun huscht...as ë bëssi schei an nët su Photogen;)
JADE 18.11.2006 - 02:39
tiptop déi dooten !!
... mir gefällt deen ton-sur-ton ... däin Schnëtt ... däin Opbau ... an natierlech déi Beweegungsonschärft ... ganz flott mat och der sëlwer ähnlecher Haut

(mee kann se nët méi laang unkucken ... sorry ... unhappy ... ass wéi mat den Spannen !! ... an esouguer nach méi schlëmm!! ... wann ech dann och nach gesin wéi rapid déi ass ... nö, nö ... byebye ... wollt dir daat just schnell soen ... und husch und weg, ech och! ...)
kanufla 18.11.2006 - 11:31
ok dann awa schnell weg well den sammy huet zwar reicht 12 joer mee féchs as en definitiv smile as awa eng leif schlange smile !
thanks fir dain comment! an freet mech dass si dir gefällt!
Nicon07 18.11.2006 - 09:23
Majo dann! Di dote verdingt Respekt. Wëlls du elo eng typesch Nicon07-Analyse? ( Et as mer awer irgendwéi ze gudd komm, datt ech op 7e eemol als Strof an der Ed. art. eng Bildbeschreiwung vun dem Van Gogh sénger "Kirche von Auvers" ze schreiwen hat! closed_eye) bigsmile .((

Also: Bildopbau= klassesch, dat heescht gudd. Diagonalen, 1 eng durch d'Steng vu lénks uëwen no rechts ënnen (as zu gläicher Zäit eng motivesch Spigelung an eng Diagonal vu lénks ënnen no rechts uëwen, déi séch op der Intersektioun vun der aaler Haut an der Schlaang "virtuell" mécht.

Dynamik as gudd: lénks Halschent vum Bild as éischter roueg (vun der Bewegung hier, net vum Motif) a rechts as Bewegung dran (Schlaang déi fort düst) [Zwëschefro: as déi och a Wiirklechkeet esou TGV-méisseg ënnerwee, oder as dat just durch di laang Beliichtungszäit esou ssssssingngngngng?)

Farwen: Ton in Ton ouni friëm Farw, déi dat ganzt stéiere kéim. (Su am Sënn: knallroud Plastiksdrénkfläsch, déi nach vun irgendwou an d'Bild hänkt.. (sou "Dommheete" gin dacks iwwersin)

Eng Saach stéiert méch just e bessi: Dat Briëd wat uëwe rechts den Ofschloss mécht. Irgendwéi wierkt et fir méch e bessen disproportionnéiert zum Räscht, oder awer et as net onscharf genuch. Wat mengt de Kwitchibo dozou? Hien huët jo och een exzellent Aa fir sou Saachen.

Fazit: eng gelongen (net gelungen!bigsmile) Déierefoto, di bestécht durch hir Originalitéit.

Fuër roueg weider esou: Du bass scho längst um richtege fotografesche Wee. An deen, deen dir zur Säit steet, bréngt déch ganz sécher weider op dem Wee.
kanufla 18.11.2006 - 11:56
Majo majo...haat mir schon dain comment su ähnlech firgestallt smile also vun der analyse hier smile

Also den Bildopbau...ech wollt amfong eng Foto maan wou ech dem Sammy séng aal an nei Haut drop hätt ...hun och eng Photo wou di aal an di nei Haut scharf drop sin (kann dir dei mailen falls de interesse hues...) mee di dooten huet mir am Endeffekt besser gefall!

jo den Sammy as zwar net deen luesten mee TGV as en och net smile !beliichtungszait dofir as hien su féchs smile

jo zu der "saach" wou dech stéiert as amfong kee Briet mee su eppes "pseudo-baam-méisseges" waat een öfters an engem Terrarium begéint smile den Sammy krengelt sech heinsdo dorondrem an jo seng aal Haut hung do smile!
jo waat den Kwitchibo mengt..hmmm..jo feelt na en Comment seger saits smile hien wärt sech do wahrscheinlech na selwer äusseren smile

Majo freet mech awa sou en sprezisen Comment ze kréien smile an dass dir dFoto gefall huet freet mech och smile
Villmols MErci smile an jo hoffen wärt an Zukunft mol leieren mat der komescher D2H emzegoen smile
Nicon07 18.11.2006 - 15:25
Eng D2H? Majo, dovunner dreemen ech nëmmen. Ech kéint mir se zwar leeschten, mais ech traue méch net sou richteg dodrun. Dofir hun ech jo och "nëmmen" eng D80 kaaft firun engem Mound. closed_eye)

.. Natiirléch därfs du mir di "scharf" Foto mailen.
kanufla 18.11.2006 - 19:24
jo also D2H as dem kwitchibo seng natierlech .... net meng =( daat kann ech mir net leeschten...=(
Knolles 18.11.2006 - 10:16
/removed/
kanufla 18.11.2006 - 12:03
Villmols merci fir dain Kommentar! jo daat "Briet" waat amfong kee Briet as smile mee en , wei ech dem Nicon07 schon soot, pseudo-baam deen am Terrarium wor...as leider net main Terrarium...mee kann sin dass dir recht hud smile
bei geleegenheet probeieren ech dann vlait na eng Kéier smile
Knolles 18.11.2006 - 17:46
/removed/
kanufla 18.11.2006 - 19:23
achso...elo kommen ech reicht no....jojo riets a lenks...misst een na ennerscheeden kennen ...lol...jo mee as trotzdeem keng hëlze plak smile dann as eng gliese Sait aus dem Terrarium an daat brongt as den hannergrond falls meng erennerungen mech net täuschen smile
rom 18.11.2006 - 10:55
Also mäi Respekt fir déng éischt Foto hei um Site!

Den Niconn07 huet daat super analyséiert. Mee daat Briet hannen als Hannergrond stéiert mech nët, vu que dass et an der Farw tiptop zum Rescht passt. Wirklech flott.

Ech géng soen et wier keng TGV-Schlang, daat kënnt just duerch Belichtungszäit closed_eye
kanufla 18.11.2006 - 12:06
Merci sin deck frou dass dir meng Foto gud fannt smile)!
jo dem nicon07 seng analyse wor schon interessant smile mech steiert deen Pseudobaam (an net Bried smile ) och elo net sou smile mee daat as den berümtenen Affaire de Gout smile

jo keng TGV-schlaang smile
Jefferson 18.11.2006 - 14:11
ma wirklech beis fir deng eicht foto net schlecht
gefällt mer
kanufla 18.11.2006 - 19:26
merci!!
Olivier 18.11.2006 - 23:38
sou... dann schreiwen ech der lo awa eppes dran... obwuel ech huddelaafatz sin... krkr...
Mjo... d'foto gefällt mer zimmlech gudd, well eischtens brong dra vertrueden ass (eg vun mengen lieblings-faawen), an se dynamesch ass, an well ech schlaangen iwert alles gäeren hun, an well et mol en aaneren point de vue vun der schlaang ass... ass wiekrlech eng flott foto...
kanufla 18.11.2006 - 23:39
Merci!sou vill ZAit huet et elo onet kascht smile
Kwitchibo 20.11.2006 - 23:29
TZALLLI

also : ECH sin keen immensen SammyFAN mee et as nawell flott dei aal schlang op engen Bild zehun zemols deng wirklech Dynamesch as an geseit aus wei wann durch Zentrifugalkraft seng Häutung op den BAAMSTAMM geschos hät!!smileaua...

zum TECH....: mmh mengen wann den Blend mei zou gewirscht wär den Steng an Haut nach besser....

fir de recht weider maan FOTOEN PS LIGHTROOM ....beileiren as ugesoot net meckeren....closed_eye

pas mal 1 FOTO!! beweis eis elo das et net eng Eintagsfliege war!!

MFG

KWITCHIBO alias MARC MY WORDS....



kanufla 20.11.2006 - 23:31
tjo also do muss du dech jo wuel bei denger eegener Nues huelen..schlieslech as et deng Cam an du bas main Teacher...also???
Kwitchibo 20.11.2006 - 23:35
ech hun Foto net gemach... neenee daat wars DU!! hun dir nemmen eng grond astellung gemach de recht as jo dei Style!! daat wier jo ze einfach mein leift Kanufla!
kanufla 20.11.2006 - 23:37
jo neeen daat hunch jo net gemengt...main leiwen kwitchibo(hahahahahah) nee wollt amfong soen dass du endscheeds op ech eintagsfliege sin oder net...well ouni Cam keng Pix...sou einfa as et...
Kwitchibo 20.11.2006 - 23:39
tjo dann PECH













muahahahahahaha..................................










tjo wanns de leif bas?................hihihi
Knolles 21.11.2006 - 07:38
/removed/
kanufla 21.11.2006 - 15:55
Gell smile was sich liebt das neckt sich smile
Kwitchibo 21.11.2006 - 20:00
immens
Kwitchibo 24.11.2006 - 21:22
vill smile
steel 25.11.2006 - 16:29
Moien
kanufla 25.11.2006 - 17:54
zalit smile an wei as dann meng Photo? moien kanns du mir och bei main Profil schreiwen smile hei well ech bessi mei wessen smile
Dan 02.12.2006 - 17:07
Gefällt mer immens gutt!
Méi bräuch ech wuel nët dozou ze soen...einfach nëmmen gutt gemach!
kanufla 02.12.2006 - 17:10
vill mols Merci smile freet mech smile
elmuzo 02.12.2006 - 17:18
A jo, et ass jo wouer, du bass dat mat (am Moment, hoffen ech emol) nemmen enger eenzeger eropgeluedener Foto bigsmile
Dat wat photogen un denger Prise hei wär, ass wusch und weg an awer... ass et d´Haut, ass et d'Dynamik vun der Bewegung... also di richteg Entwert wees ech och net, mee et fonktionéiert jo, also....
kanufla 02.12.2006 - 17:23
also dass ech just eng Photo hun as mol 1. well ech keen Material hun...wann dann dem Kwitchibo séng Cam..an elo huet hien eng D2H an dei as complicated!!
jo an 2. hun ech wierklech keng Suen fir mir Material ze kaafen (...armen Student deen eleng wunnt closed_eye ...)
hmm..also su ganz hun ech dain Kommentar nët verstaan?...waat fonctioneiert??
Kwitchibo 02.12.2006 - 18:59
waat as dann das am Moment nemmen eng Foto erop gelueden as?????
coolpix 04.02.2007 - 03:02
Schenial.. 't gett soss naeicht dozou ze soen... einfach gudd cool mat der Schlang an Action, alles am glaeichen Faarwtoun.. *hach* .. Schlangen sinn sou leiw Deieren :p
kanufla 04.02.2007 - 15:54
villmols merci =D!!
tinchen 26.02.2007 - 18:23
Eng wieklech flott foto!
d'faarwen gefaalen ma gudd
schlaangen sin dobäit o nach meng lieplingsdéierensmile (pluspunkt=P)

An dann och nach deng 1. Foto?
WOW!!
kanufla 26.02.2007 - 18:38
merci smile jo mee main frend den kwitchibo haat mir bei der astellung geholef...ech hun mir just den cadrage and motiv rausgesicht an op den knätonguei gedreckt closed_eye
tinchen 26.02.2007 - 18:45
lol, okaysmile
meng schwester (patty) helleft ma och heinsdo=P
Kwitchibo 26.02.2007 - 19:46
hun net vill gemach daat wars awer du!!smile
Lala 08.05.2008 - 20:41
wow
dei ass mega gudd gin !
ass daat deng schlaang ?
hun di deieren seu gäer smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 279 Gäscht online