Ass super gin. Ech hun eigentlech naischt ze meckren. Kanns jo och am 2. Trimester meng Parfümsfläsch knippsen dei mer fir d'Schoul mussen designen an presenteiren... Deng Foto ass richteg flott gin, do kinns de mer meng jo och sou schein presenteiren...
Hmm, mol kucken. Am 2. Trimester meisst ech normalerweis de Führerschein hun, dann meisst do kee problem senn fir mol bis lanscht ze kommen. Wirr natierlech super. Well wann ech des Foto gesin, also dei ass richteg professionell, an d'Produkt kennt wonnerbar riwwer.
Okay, maan ech. Merci awer scho mol am viraus. Da muss ech mer lo mol keng sorge mei maan, wei ech gudd Fotoen hier kreien. Nemmen nach wei ech dei fläsch hikreien...
LOOOL ... grr du Perfektzionist ... hm so geff mir mol bessen vun der Eegenschafft ... well ech sin doranner net su pingelesch, mee kinnt dat nawell gebrauchen ...
ech sin och net emmer sou een, mee ech hun puer saachen gema dei dleit gesoot hun, an dun hun se ugefaang mei genau ze kucken, dun hune ch dei ona gema, an mettlerweil ass et mer zevll arbecht gewiercht virna en feeler dran ze loossen
kanns du zauberen? oder wei kann dei osu do fleien?
as wieklech ech flott idi an gudd emgesaat.. des gefällt ma och besser wei dei mat deem aaner hannergrond! tip top sou
cu
merci nora
jo kann zauberen, an zauberer verroden hier tricker net, och wann se alles mat fiedem ophenken an sou saachen, waat ech natierlech net maan ech zauberen wierklech
also ech wollt bei der läschter schons e comment machen, sin awer leider nët derzou komm; ech huelen dat heimadder elo no, wann och nëmme kuerz: si ass staark an dee méi rouegen Hannergrond op dëser Versioun dréit vill zur Topfoto bäi! Flott, datt's de dech nët gëss, an ëmmer nees dru schaffs!
also ech hun iergentwei d'gefill wei wanns de häss missen zimlech vill nozeechnen
nee lo mol seriö
fierdrun wär daat schon e bessn komech mam schärf, onschärf, schärf effekt mee ech kann mer fierstellen datt een awer iergentwei domatter schaffe kann, do misst een mol e bessn experimenteiren...
ehm.. ech geing soen datt daat meescht schon gesoot gouf, an ech sen zimlech schreiwfaul an dofier son ech mol: siehe die aaner comments
Uuuuups....des haat ech verpasst ;o)))
Den HG gell?? )) wei och emmer, DES fannen ech am beschten vun deenen 3
an hei nörgelen ech dann och net mei. hihi..... wololoo
edit: hmm...hues de na iergendeppes mat den aen gemaa? ...kent mer "manner ugestrengt" viir...
deen aaneren Hannergrond hun ech perséinlech ganz gutt fonnt ...
och wann ët phototechnesch gesin anscheinend een Feeler war, mee ...
° ech hun daat als een (zousätzlechen) "special Effekt" gesin gehaat ...
ët war esou wéi wann daat onschaarft Meedchen tëschent deenen zwou schaarfen Ebenen méi an den Hannergrond sollt gesaat gin, am fong ewéi eng "Illusioun" ... mee daat war just meng Vue ... an dofir hun ech ët ganz gutt fonnt ...
° an ech hun d'Struktur vun deem Hannergrond ganz flott gewielt fonnt, well se esou ähnlech war wéi déi Karoen vun der Parfumsfläsch
mee dëss Versioun bleiwt awer eng ganz flott an gelongen ... do ass keng Diskussioun ... ech hun déi aaner eben méi gewoot fonnt ... well se eben och d'Physik (?) an déi technesch (?) Reegelen gesprengt huet ...
loossen mir emol soen ... se huet mäin nët-Kenner Aan nët gestéiert ... ganz im Gegenteil ... )
wow mat souengem kommentar haat ech lo net gerechent, ass cool daat do freet mech dass na engem dei aal besser gefällt, mir perseinlech huet dei aaner am ufank gefall, mee ech wollt deen na bessi mei onscharf hun, dun hun ech daat gema mee dun huet et guer net gudd ausgesin an dun hun ech et alt esou gema wei et lo ass hei. merci jade
ech hun déi 1. Versioun nach e puer mol gekuckt, an daat eenzegt waat mech schlussendlech gestéiert huet, daat war, dass den Iwergang rietsen Aarm/Hannergrond komesch ausgesin huet ...
an ech hätt mir deen Hannergrond esouguer nach méi schaarf (baal idem wéi d'Fläsch) gewënscht ... eben, fir dass ët technesch wëllentlech "reizt"!! ... mee ass bestëmmt technesch fir Expert'en nët esou vertriedbar ... oder? ... fir mech awer Top gewiescht ...
D'ass scho bal ze speit. Lo ass schon Topfoto. Gleckwonsch mol vu mir. Dei huet et jo och verdingt. Bei 3 sou gudden muss einfach eng Super derbei senn!!!
Maien Yoshi!
Ma fannen deng Foto TOP fannen den Zeigefinger vun der rietser Hand as eng grimmel ze deichter mee bon as ganz flott och d'Idi just vum Model sin ech kee Fan mee bon daat huet awer nix mat denger Foto mei ze din an och nix mam model perséinlech