Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Jacques Rotenbach

 
Jacques Rotenbach
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.10.2006
  • Gekuckt:
    34447
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    540x800
  • Späicherplaz:
    235 KB
  • Originaldatum:
    ..28.10.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 300D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
- RAW

Fir anzesetzen: [pg_img=11437]
Kommentar vum Fotograf:
Jacques Rotenbach, een vun denen weinegen Juden dei liewech aus Auschwitz-Birkenau raus komm sin an elo nach liewen. Bei der Féierung duerch d'Vernichtungslager huet en emmer nach seng "Sträflingsmutz" op. Des Foto ass am Haff vun der "schwarzer Wand" am Konzentratiounslager zu Auschwitz geholl gin.
Ech sin ganz Dankbar mat dohin konnten ze goen an mat denen 2 Iwwerliewenden (Jacques Rotenbach an Henri Kichka) ze schwetzen.
Knolles 31.10.2006 - 18:37
/removed/
OK-Photography 31.10.2006 - 19:11
defnitiv wei Knolles seet!op den eischten blekk hätsch gesoot schein aweschtenen Streetlife mee wu ech bis dain text gelies hun...HMMM!get der sach iergendswei eng aner wendung...
hätt se dowinst o vlait probeiert bessi mei düster ze man...oder wi Knolles vlait schwarzwaiss...iergendswei as neemlech dAtmosphere op der foto ganz anicht wi hier aussoh(waat zwa ebn och GEWOLLT ka sen...)
Jean-Jos 31.10.2006 - 19:42
Däi Portrait gefällt mer, den Ausdrock an dem Mann séngem Gesiicht spiggelt déi impressionnant Dignitéit vu verschiddenen aussergewéinleche Mënschen erëm, déi hiir wichteg Erënnerungen un d'Häll ouni Haass der Mënschheet weidergin fir datt nët vergiess gëtt, wann een dat esou einfach däerf ausdrécken... . Fir déi, déi d'Thema Ausschwitz intresséiert, kann ech nëmme rekommandéieren d'Buch vun engem aneren aussergewéinlechen Iwwerliewenden ze liesen, dee bis un d'Enn vu séngem Liewen un den Erënnerungen vun séngen Erliewnisser am Konzentratiounslager gelidden huet. Et ass de Primo Levi, den sech am Abrëll 1987 d'Liewe geholl huet, : säi Buch 'Se questo è un uomo' , an der franséischer Iwwersetzung 'Si c'est un homme' deet wéi a mecht nodenklech; et gehéiert zu de ganz groussen zu dësem Thema.
yoshi 31.10.2006 - 19:52
Merci vir är Kommentarer.
Zu den Faarwen: Ech hun bewosst net schwarz/waiss gewielt well deen Mann eng ganz lieweg an positiv Ausstrahlung huet. Et ass en Mann deen trotz der donkler Vergaangenheet dei en erliewt huet, positiv vun engem Daag an deen Aaneren liewt an sech wenscht sou vill wei meiglech weiderzegin vun deem waat en wees an erliewt huet vir dass daat net nach eng Kéier geschitt.
Ech gesin den Mann mei faarweg wei s/w.
Et gesait een em doweinst och mengen ech net seng 80 Joer un.
koenigskind 03.11.2006 - 14:53
den här rotenbach war och deemonls mat, wei mir ob auschwitz gefuhr sin. ech hun seeln een getraff, deen sou e staarken androck hannerloos huet wei deen mann. doweinst gefällt mir dei foto och sou gudd. smile ech fannen, daat dei faarweg variant hei och besser passt wei s/w. obwuel se an s/w eng aaner (ebenfalls passend) wierkung treffe geif.
yoshi 03.11.2006 - 18:09
merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 540 Gäscht online