Ech wosst och bis gëschter net waat Striplight wir
Ech kann net grad einfach sou iergend eng Fläsch déi mir optesch am beschte gefall huet, opmaachen, demnowéieng et ass rennt mäi Papp mech jo mam Fouss an den A*sch
Ech fannen se och immens flott, virun allem och wei d'Fuerw vum Wain sou schein rausstecht... weilt mol gaer gesin wei d'Vierrichtung ausgesait fir sou eng Foto ze maachen.. einfach fier eng Iddi ze kreien... ech kaempfen emmer mat enger aaler Buerosluucht an schwaarzen Zeecheblieder, aawer et get secher e vill bessere Wee fier daat gudd hinzekreien
Dann Moment, ech riichten et rem ongeféier sou op wéi et war an maachen eng Foto derfun ... Mee Gedold bräuch een an bessen bastlen muss ee gär maachen
http://pics.mysteri.lu/show_light/IMG_1417.jpg
Sou huet d'Luucht selwer äusgesinn ... hätt ech dee Kartron do net drop gehaat, wir nämlech d'ganzt Zemmer matt beliicht ginn, waat vill ze vill geweecht wir.
Wow. daat war jo schnell! Merci daat ass wiirklech leif ech mengen ech muss mech mol drugin mein Hannergronn och sou "ronn" ze maachen...da kritt een deen Oofsaatz weinstens net deen ech ememr a menge Fotoen hun
Jo bon daata ss den Tabletop, wéi ech soot, den hun ech esou kaaf, inklusiv Hannergrënn. Mee wann ee sech bessen amuséiert da kann een daat och ganz einfach selwer hikréien
AHH, elo gesäit ët schon besser aus um Schierm ... daat mecht wierklech vill aus een (méi) korrekt angestaltenen Schierm ... op deem aaneren huet een just nach schwaarz gesin an een ganz klengen wäissen Strëch (deen lénks vum Glas) ... )
also dann :
ganz flott gin esou ... an däin Bildopbau ... Sujet genau op der richteger Plaaz ...
elo nach esou eng mat daer "héichgraadescher Flëssegkeet" (fannen gesäit éischter aus wéi Cognac) och am Glas
Vielleicht ass dat eng optësch Täuschung, mee kann et sin d'ass d'Glas ganz e bëssen no lénks kippt?
Dëss Foto ass mer eng grouss Hëllef am Design Ech muss ob engem schwaarzen Pabéier mat wäisser Kréid Transparenz duerstëllen. Théorétesch sollt daat dann duerno genau esou ausgesin wei hei op der Foto...
Nee daat tippt net, et ass souzesoen bessen eng Täuschung well den Grëff ënnen méi breet ass wéi ennen, also en geet net riicht erop, an wel een eben nemmen eng Säit derfu gesäit, wirkt et wéiwann et am ganzen liicht kromm wir.
Ech hu mer elo grad dai Striplight ugekuckt, ass zwar eng gudd Idee, mee den ass vlaicht ë bëssen schwaach op der Broscht. Do haas t'och bëstëmmt eng laang Beliichtungszait, oder?
Mee ok, den Tabletop Dësch ass scho nët geschenkt, kënnt dann nach eng adequat Beliichtung derbai, da gëtt déi Saach schon deier.
Ee klengen Typ nach fier d'Flesch méi hell ze kréienrobéier emol waiss Pabeier oder Kartonsstraifen hannert deng Flesch ze stellen.
Jo immens staark ass sou gefummels matt normale Luuten net An sou laang hun ech net beliicht, waren 0.3s ... also geet nach.
Den Dësch war, verglach matt aanere Saachen mol net sou deier, zemols och well déi Luuten déi derbäi sinn och net wirklech vill sinn. Haat mech am ganzen 200€ kascht ...
Hannert d'Fläsch? Wisou daat? Ech wollt jo do schwaarzen HG hunn... just waat kéint sinn nach, dass den iewechten Deel vun der Fläsch och bessen méi hell wir :/
Ok, hat elo nët mattkritt dass'te just wolls d'Kontur hunn. Fier den Inhalt vun der Fläsch sichtbar ze maachen geet daat awer matt dene Pabeierstaifen (sie mussen natierlech méi schmuel sinn wéi d'Fläsch).