Dat ass immens schued, well ech fannen dei Foto genial gemach, den Himmel d'Landschaft, gefällt mer su weit gutt, dei Grieser ennen steiren vleicht en bessen, mee faalen net su op ... den Orange filter passt wirklech ganz gutt ... jo mengen dat war et dann rem vun mir )
D'stëmmung kennt gutt eriwer, weis du schon gesoot hues ass net bommenscharf. Wei een Photoshop hues du? Wanns du Photoshop CS2 hues do gëtt et eng funktioun Filter->Sharpen->Smart Sharpen. Huel do een Gaussian blur 150% an 1-4,5px (do muss du kucken se net zeiwerschärfen). Daat hëllt mega fill aus der Photo eraus.
Photoshop = digitalt entweckelen
ech kamech nemmen uschleissen! eng immens flott Foto; scheine Sujet, flott Fuerwen am Himmel an d'Spiggelung dervunner um Waasser ass immens... ech si gespaant ob eng geschaerfte Versioun dervunner!!