Du hues zwar hei un der Kontrastschrauw gedréit, mee daat alleng geet nët dur. Am Verglach zu dengem éischte Bild ass hei d'Resultat méi schlecht.
Mai Vierschlag:1) Maach vum Gesiecht eng Auswahl mam Magnetlasso, duplizéier déi Auswahl ( CTRL+ J) an da setzt'te den Ebenemodus op "negativ multiplizéieren."
2. Da probéier op der Ebene matt enger Tonwertkorrektur oder Gradatiounskurv de Kontrast ze steieren.
Zum Schluss kanns'te mam USM-filter an de Startwerter :25; 50; 0 ë bëssen experimentéieren fir ee lechten Tick Kontrast erauszehuelen.
Den Turban fannen ech hei besser an der Faarw, mee d'Gesiicht wierkt fir mech zimmlech onnatierlech ... wéi dohin "gepescht" (?) par rapport zum Rescht vum Bild ... zemols och well d'Schärften guer nët identesch, resp. ganz verschidden sin (Turban extrem schaarf, Gesiicht ganz onschaarf)
déi éischt huet mir besser gefall, obwuel d'Gesiicht do och nët ganz scharf war, mee ët war méi natierlech verschafft ...