Wor lescht joer, an fierdlescht joer am LTAM, nierwend äerer klass (mengen ech mol... lescht joer wor ech op 9ième beim m. sportelli... bei mäer woren den roy usw an der klass
Ma... misst daat net bei mir stoen? Jepp... sin do an der schoul... hun lo 10 wochen stage do (nemmen na 7) an verdenge do zimmlech gudd... em die 2000€, wann net na mei...
Moien, merci mol fir däi kommentar, a freet mech och dat der di Foto vum Erdmännchen su gudd gefällt Louch schon eng ganz Zäitschen do (a wéis de un de Stäng gesäis net bequem bis ech d'gléck haat dat een su no bäi komm ass.
Majo setzen lo näischt méi drop well ech am moment Fotoen sammelen fir méng nei HP, an do well ech der net just dropsetzen déi scho jidferee gesinn huet
Fannen déng Fotoen ganz gudd, si gespaant waat nach nokennt!
Bis den Owend dann
hey
wosst ebensouweineg dats du heidrop wiers also bei photogen, scho komesch 3joer beieneen an der klass an dat wees en dan net ass jo scho baal engsauerrei
deng foton sin awer och ganz flott
majo also dat mart dn hoer erklaert sech sou dat wor nemmen eng woch laang..leider me bon
hun dat zwar schon alles bei mer stoen me hu geduert geif dat o mol heihinner schreiwn
jo also soss na vill gleck an hoffn awer fier dech dats dest schouljoer awer bessi besser opt been bruet hues an sou och op artistique kanns ;) majo bis dan vleit an 3-4 wochen an der schoul
Jo stemmt, 't war wierklech déck flott geschter
Och wann mer net wierklech vill mateneen geschwaat hun, war awer flott dech mol kennenzeléieren (hei op denger Userfoto erkennt een dech jo net :D).
Ooooh hai... en CHAREL.... dass zwa wiekrlech mega schued dass du net na mei laang bliwwen bass.... hues wierklech zimmlech gail saachen verpasst... mais bon... doofier gin et jo secher aaner meetingen...
hallo
majo ech wuar lo 2 deeg net an der schoul well ech krank wuar an konnt dun net ob den internet goen :(
majo den nächsten meeting man ech rem mousse vill mousse
du wees jo dass ech zu Diddeleng wunnen brauchs just bis lancht ze kommen!
Skateboard fueren loosen ech lo mol leiwer sin bis dass main knei rem fitt ass
ech hun awer ganz vill witzeg fotoen gemach loool kann et kaum erwarden se ob den pc ze man
hello wollt mol deem next zesummen nammen goen eng keier owes ...kuken grad mol mam jade a knolles weini vlait e guddn datum wir!hues du vlait eng propose?wou?weini? an waat?
ech haat un chineeseg geduecht zu alzeng as e guddn
mir haalen mol den freiden 11.4.08 fest so just bescheed! merci
mat geet bis elo den yoshi, d'annemie, JADE, Jefferson,kwitchibo (normalerwais), black panther, focus, arwa (vlait), spako, Marc Gerard
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.
Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.
Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.
Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.
Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen ass den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag)
fir Iessen an Gedrénks, Workshops, en Contest mat Praisser an villes méi ass gesuergt an et giff eis freeën wann s och du derbäi wiers!