Ech war zwar net dobäi, wéi den Thierry di Foto hei gemaach huet, mais ech ka mir virstellen, datt hie fir d'éischt de Klenge Räer net getarnt a verstoppt gesin huet, an duerno d'Geleeënheet ergraf huet, fir ze fotograféiere, wéi en séch "onsichtbar" gemaach huet. Ech hun nämléch och di läscht Woch gekuckt a gekuckt a gekuckt, an ech wosst, datt en do wier, mais ech hun en awer net gesin. Bis op zwou ganz kuurz Kéieren.