Merci villmols.
Déi Déift hun ech erreecht durch een nidregen Kamerastandpunkt.
Verschafft hun se praktesch guer net, just an S/W konvertéiert an dann déi ganz Serie licht mat engem Sephiatoun versinn.
Dâat sin ech esou mat mengen analogen S/W Fotoen gewinnt wou ech op Barytpabeier vergréisseren, an duerno mat Selenium liicht tounen, dâat huet hei awer éen aneren Sënn, nämlech fir se archivfest ze man.
dei 3. gefaellt mir och einfach am beschten. du hues einfach wonnerschein d strukur, d rouh, d wuerde ... einfach d seil vun moment hei agefaangen. chapeau
Et war meng Absicht dësen Monastère an d'Détailer esou ze fotograféieren.
Du breng's et op den Punkt mat dengen Ausdreck. Et ass genau dat wat ech hei wolt eriwwer brengen.