Ech hätt gären nach e bessen méi sputt op der lénkser Sait vun der Photo. E puer mm manner hätten dat vlaicht geännert. Eng méi kleng Blend (also méi e groussen Wert wéi 2.8 géif ech soen fir dass mer eis richteg verstinn) an d'Hand vir am Bild wier och nach scharf gin. Mais egal, elo ass se esou, a gefällt mer awer gudd.
@deendo: Ech hunn Gleck, wann, bei Concerts am Atelier an f2.8, 85% vun mengen Photoen schaarf ginn sinn... Bei den neien D3 an D700 ass awer mëttlerweil wahrscheinlëch Blend 4 drann. Daat kinnt de Lex mol checken
2.8 ass heinsdo domm gaang wanns de zB. 2 Musiker an een Frame wëlls knätschen mee daat ass ok. Gekillt huet nach keen dowengt
Ech wëll hei nach eng Kéier betounen dass déi Déifteschärft hei vun der Foto vu mier genau sou gewollt war... op se lo jidferengem gefällt ass eng aner Fro an an deem Kontext akzeptéiren ech och wann se engem esou nët gefällt.
Ech gleewen dir, dass d'Déiftenonschärft esou gewollt waar. Ech hunn se och supi gären mee wollt mol allgemeng vun der technecher Perspektiv aus beliichten, dass an dësem Fall eng méi kleng Blend d'Photo vläit verwackelt resp. "onschaarf" oder ze däichter gemaach hätt. Op Concerts huet f2.8 (an deementspriechend d'Déiftenonschärft) nët onbedingt mat wëllen mee éichter mat missen ze dinn. Besonneg am Atelier, wou ëch nach ëmmer keen Concert mat Poursuite gesinn hunn. Soss hätt den 70-200 4.0 sëcher méi Succès. IQ ass jiddefalls um laangen Enn méi knackeg a kontrasträich wéi den 2.8 IS L blabla... An méi bëlleg...
Ech schreiwen daat lo nët einfach esou. Ech hunn d'Erfahrung missen maachen
Méiglech ass emmer sou eng Saach, d'Qualitéit gett EMMER besser wat den ISO mi déif ass.
D'huet eet just flait mat der D3 méi Méiglechkeeter aaner Kompromesser anzegoen.
Ech perséinlech hu meechtens léiwer d'Blend op an den ISO eroof...
Dann maan ech dem Dan awer nach e Kompliment, fannen d'Foto nemlech wiirklech super!
Flotte Kadrage a super Luucht hätt o naischt aaneres erwuard.
Lex ech gin der Recht waat d'Relatioun Blend/ISO ugeet an och vun déngem Kommentar fillen ech mech geéiert! Ech si frou dass d'Foto dier gefällt!
Merci!
Beis Photo! Eenzegen Kritikpunkt: D'Gesiicht ass zevill verstoppt (e.a. duerch Mikro & Guitar) an säin Ausdrock ass mer e bessen lappech, well seng Aaen vun Middegkeet trotzen?!
Merci Cédric!
Zu dénger Kritik: Leider gesäit hien sou äus an séng Aen trotzen ganz sécher nët vu Middegkeet! Daat häss de och gemierkt wann's de do gewierscht wiers
A leider huet hien ganz oft um Mikro gepäscht...
Ech kennen den Probleem mat den Aaen. Bei den Sänger-Guitarristen. Ass schued well bei mir kënnt den John bessen matgeholl riwwer. Wann ëch d'Photo gema hätt hätt ëch se awer trotzdem gewissen