op den eichten bleck fannen ech se zimmlech gudd.... ech giff mech just iwwerd en bessen mei kontrast freen, ausserdem steiert dei fläsch(spüli?) mech... awa soss ganz okay.
Hun den Spullsteen esou fotograffeiert wei ech en virfonnt hun. D.h. dei Fläsch war schons do hun dei net dohinner gestallt. Mam Kontrast kucken ech nach eng keier
OK, am Raw-Konverter kanns de schon d'Levels ajustéieren dass dem am Histogram gesäiss dass all Téin vun schwaarz bis wäiss dran sin. Daat kann een och am Photoshop nach machen, mee besser as et direkt am RAW. Mat Kurven kanns de dann am Photoshop nach mam Kontrast spillen. Wanns de mat adjustment layers mat Masken schaffs, da kanns de esouguer verschidden Deeler vum Bild getrennt ajustéieren.
Gefällt mir schon besser vum Kadrage hier wéi déi aaner déis du an der Kichen gemeet hues. Et fehlt hei allerdings extrem un Kontrast. Bei SW, an haaptsächlesch bei sou Fotoen, muss du ganz vill Kontrast hun.